1.705 € fir d’Fondation CancerSpendenaktioun vun de Mataarbechter vu Proximus Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D’Mataarbechter vu Proximus Lëtzebuerg hunn och dëst Joer nees d’Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt, andeems si den Erléis vun hirer Chrëschtfeier-Tombola gespent hunn.
D'Iwwerreechung vum Scheck vu Proximus un d'Fondation Cancer.
D’Iwwerreechung vum Scheck vu Proximus un d’Fondation Cancer.
© Fondation Cancer

Dräi Associatioune goufen dobäi ausgewielt, dorënner och d’Fondation Cancer. Dank dem Asaz an der Generositéit vun de Mataarbechter konnt eng Zomm vun 1.705 € gesammelt ginn, déi un d’Fondation Cancer iwwerreecht gouf.

D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vu Proximus zu Bartreng stattfonnt a Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, souwéi de Vertrieder vu Proximus Lëtzebuerg, dem Marion Gillet, dem Maurice Groben an dem Jeanny Andrade.

D’Margot Heirendt huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse wichtege Bäitrag. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO