3.264,49 € fir d’Fondation CancerThe Blue Moustached Ball - Burlesque Show am Le Croque Bedaine um Lampertsbierg

Fondation Cancer
© Fondation Cancer

Op Initiativ vum Léo Rise gouf och dëst Joer am Kader vum Movember nees The Blue Moustached Ball organiséiert – eng kulturell a solidaresch Burlesque-Show, déi op d’Gesondheet vun de Männer opmierksam mécht an d’Fondation Cancer ënnerstëtzt.

Duerch zwou Shows an Ateliere konnt eng Zomm vun 3.264,49 € gesammelt ginn, déi integral un d’Fondation Cancer gespent gouf.

D’Gäscht waren invitéiert, eppes Bloes unzedoen, fir hir Solidaritéit mat der Movember-Initiativ zum Ausdrock ze bréngen. Op der Bün hunn déi talentéiert Burlesque-Kënschtler Charlie Ken, Rico Tourky Brille, Mortimer Monnbender, Mélusine Beau Séjour, souwéi de Léo Rise als Master of Ceremony fir eng aussergewéinlech Atmosphär gesuergt.

„Am November geet et drëms, d’Gesondheet vun de Männer an de Mëttelpunkt ze stellen. Kënschtler, Leit aus dem Gesondheetsberäich an de Grand public kommen hei zesummen, fir op wichteg Theemen opmierksam ze maachen, Solidaritéit ze weisen an deene Kraaft ze ginn, déi Ënnerstëtzung brauchen.“, sou de Léo Rise, Burlesque-Show-Produzent an Artist.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegte wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO