
A Presenz vum Präsident vun der Vereenegung Horacio Martins, dem Keessjee Carlos Rodrigues Sacras, dem Sekretär Paulo Coutada an nach weidere Membere gouf dem Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, e Scheck vun 2.500 Euro iwwerreecht.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.