"En Dag am Liewe vun ... "
Eise Journalist versicht sech als Depanneur
En Dag am Liewe vun engem Depanneur
Mir ruffe se meeschtens, wa mir eng Pann hunn, wann näischt méi geet. Déi meescht Lëtzebuerger sinn och Member am Automobilclub.
Mir ruffe se meeschtens, wa mir eng Pann hunn, wann näischt méi geet. Déi meescht Lëtzebuerger sinn och Member am Automobilclub.
An eiser Rubrik "En Dag am Liewe vun ... " geet et dës Kéier op d'Strooss. Eise Journalist Philippe Dondelinger well wëssen, wéi et ass, wann een 8 Stonnen ënnerwee ass, fir de Leit dobaussen ze hëllefen, wa se an Nout sinn.
"De Beruff vum Depanneur beim ACL hunn ech viru mengem Experiment net esou geschat ewéi elo. Et ass haart, et muss ee vill Nerve behalen a virun allem ëmmer d’Rou.", esou de Philippe Dondelinger.
De Steve Lemmer huet eise Journalist mat op säin Tour geholl an huet him säi Beruff e bësse méi no bruecht, ee Beruff, deen et a sech huet.
Am meeschte gelies