Den Ament gëtt zu Fréiseng an de Linster Studioen u weideren Episode vun de Simpsons geschafft.

Mee wie verstoppt sech eigentlech hannert deene lëtzebuergesche Stëmmen, wéi gesäit d’Marge a Wierklechkeet aus, also an der Lëtzebuerger Versioun oder wéi wär et mam Homer, wie schenkt him seng Stëmm? Vill Froen, mee do ginn et Äntwerten drop.

D’Sarah Thoss huet zanter Jore reegelméisseg an dem Jangli senge Studioe Rendez-vous an och wa si keng blo Hoer huet, ass d’Sarah dem Marge seng Stëmm. Keng einfach Aarbecht, wann een d’Roll wierklech lieft.

Fir ze synchroniséieren, muss ee scho bal e Schauspiller sinn, och d’Sarah muss sech an dem Marge seng Roll versetzen, verschidde Gefiller musse stëmmlech eriwwerkommen an esou si Gestikulatioune beim Ophuele ganz normal, et spillt een dat, wat ee liest.

Och d'Mia Conter kennt mëttlerweil de Wee bis op Fréiseng, zesumme mat hirer Mamm, déi Taxi spillt, gi si reegelméisseg bei de Jang ophuelen an dat schonn zanter 6 Joer. D’Mia vertount d’Lisa.

D’Mia schwätzt awer am richtege Liewen net ëmmer esou energesch an haart ewéi d’Lisa. Viru 6 Joer konnt d’Mia nach net liesen, haut mat 11 fält him d’Synchroniséiere méi einfach. De Jang Linster huet soss alles virgesot, déi Zäite sinn eriwwer. Den Homer, dee gëtt vum Jang Linster héchstperséinlech vertount, fir hie war et evident, dass déi Roll géif passen.

De Pol Urbany, dee beim Jang schafft, vertount direkt e puer Rollen an esou ass säi Repertoire nach méi ofwiesslungsräich.

Och de Raoul Albonetti wierkt bei de Simpsons mat, wann ee seng Stëmm verstelle kann a wann et ëmmer nees d’nämmlecht kléngt, ass ee richteg op der Plaz. Dobäi kënnt, dass hie vill Dialekter nomaache kann.

Leider hu mer net all Mënsch kennegeléiert, eent ass awer sécher, mir iwwerloossen dësen Job léiwer deenen, déi sech domadder auskennen an Übung dran hunn.