Alkohol um Steier21 Chauffere positiv getest, dräi Führerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg nees eng Rei Automobilisten erwëscht, déi Alkohol konsuméiert haten.
© RTL / Archiv

Bei Alkoholkontrollen zu Beefort, Miedernach, Alzeng an an der Stad huet d'Police e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg iwwer 550 Automobiliste kontrolléiert. Dobäi war den Alkoholtest an 20 Fäll positiv. Zwee Fürerschäiner huet d'Police op der Plaz agezunn. Doriwwer eraus huet d'Police nach aner Verstéiss géint de Code de la Route festgestallt: Pabeieren, déi net an der Rei waren, eng Persoun war net ugestréckt an ee Chauffer hat kee gültege Permis. Säin Auto gouf op Uerder vum Parquet beschlagnaamt.

Donieft hat d'Police nach kuerz no Hallefnuecht e Samschdeg gemellt kritt, datt zu Bartreng eng Fra nieft hirem Auto matten op der Strooss géing stoen. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO