Virun allem am Summer, wann et gutt waarm dobaussen ass, da glëscht een no engem gudde kale Béier. Ma net nëmmen dann. Et ass och e Stéck Lëtzebuerger Geschicht a gehéiert quasi bei all Apero dozou. Ma nëmme ganz wéineg Leit wëssen awer, wéi de Béier gebraut gëtt.
De Maurice Treinen ass een dovunner. Hien ass Braumeeschter an hëlt eis mat an d’Halen, wou de Béier hiergestallt gëtt. Hautdesdaags geet dat alles vill méi mechanesch, wéi dat fréier nach de Fall war. Dem Goût vum Béier deet dat awer näischt, am Géigendeel, d’Maschinnen ënnerstëtze seng Aarbecht a sou kann ëmmer déi selwecht Qualitéit vum Humpe garantéiert ginn.
6. Episod: Glasbléiserin5. Episod: De Goldschmadd 4. Episod: De Schmadd 3. Episod: Ee Privatkach, fir bei Iech doheem 2. Episod: De Pol Zimmermann ass ee vu ronn 70 Fierschter zu Lëtzebuerg1. Episod: De Florian Weber ass Schéifer zu Léiler