Dippech, Dikrech, Dummeldeng, Washington DC, dat sinn e puer Etappen aus dem Pascal Forotti sengem Liewenslaf.

Do der tëschent och mol puer Joer London, Amsterdam oder Costa Rica. Virun 30 Joer huet fir de gebiertegen Dippecher d’Karriär an der Hotellerie ugefaangen. Viru kuerzem war de Pascal Forotti nach am weltberüümte Watergate-Hotel zu Washington DC Managing Director, jo genau dee Watergate-Hotel, wou deemools erauskomm ass, dass den Nixon déi demokratescht Konkurrenz oflauschtere gelooss huet.

Haut ass de Pascale Forotti General Direkter vum Pendry, ee Luxushotel, deen am September seng Dieren zu Washington opmécht. Éier et esou wäit ass, sollt hien nach op Dikrech kommen a seng al Schoul, do wou hien d’Excellenz geléiert huet an elo dowéinst a wéinst senger exzeptioneller Karriär geéiert ginn ass.