Am Stater Lycée Robert Schuman gesäit den Alldag vun de Schüler op der Mediesektioun e bëssen anescht aus, wéi op allen anere Sproochesektiounen.

Mediendag am LRSL

Op enger Sproochesektioun muss ee vill al Bicher liesen a gutt an de Sprooche sinn. Dat stëmmt fir déi nei Mediesektioun am Stater Lycée Robert Schuman nach zum Deel. Dobäi kommen nämlech nei Fächer an eng praktesch Approche. Um Mediendag goufen e Mëttwoch op der 3ème zum Beispill Professioneller agelueden, déi de Schüler en Abléck an hiert Beruffsliewen am Beräich vun de Medie ginn hunn. D'Schülerin Sofia Pires war mat dobäi an huet bei Proffen a Matschülerinnen nogefrot, wat d'Mediesektioun ënnerscheet.

Am Verglach mat enger klassescher Sproochesektioun setzt déi nei Mediesektioun d'Englescht méi an de Virdergrond. Donieft ginn och nei Fächer ugebueden. De Luc Wildanger, Medien- a Kommunikatiounsproff am Lycée Robert Schuman, erkläert, et hätt een déi klassesch A-Sektioun wéilte moderniséieren, duerch Medien- a Kommunikatiounscoursen.

Mat den neie Fächer, déi agebaut goufen, hätt een d'Schüler nees méi fir eng Sproochesektioun wëlle motivéieren. Mat ausgeschafft gouf d'Konzept vum Marc Erang, Proff fir Litérature Comparée. Doduerch géing eng méi modern Form vu Literatur entstoen. Et géing nämlech net just dorëm goen, fir eenzel literaresch Wierker mateneen ze vergläichen, mä och zum Beispill d’Literatur mat Danz, Film oder souguer Kachen a Verbindung ze setzen an e Lien opzebauen.

Duerch eben dës Flexibilitéit géinge sech d'Schüler fir dës Sektioun entscheeden. Ma donieft wier och d'Praxis eng Motivatioun, och fir d'Sophia an d'Jovana vun der Première. Si denke virun allem gären u praktesch Aufgaben zeréck, zum Beispill, dass si geléiert hunn, selwer kleng Filmer ze maachen oder dass si Artikele konnte publizéieren.

Fir d'Mediesektioun sollt een och bereet sinn, sech an
senger Fräizäit ze engagéieren. Ma grad dorop freet sech d'Claudia, Schülerin op der 3ème. Besonnesch de LuxFilmFestival géing hatt interesséieren. Duerch déi praktesch Approche hätt een e ganz aneren Zougang, och zum Beispill mat Leit, déi an der Medie-Branche schaffen.

Dofir gouf och de Mediendag organiséiert. Duerch déi praktesch Opportunitéite kéinten d'Schüler en Abléck a verschidde Beräicher kréien an doduerch erausfannen, wat si sech spéider als Beruff kéinte virstellen.