RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Robert Léon Philippart

Patrick Greis
Ëmmer gutt gekleet an hien kennt sech net just mat ale Steng aus.
© Patrick Greis

Den Historiker a Stater Politiker schwätzt iwwer déi kuerz Episod bei de Massendénger an dass hien e Fouerkand ass, a säin Fils seng Hochzäit och do gefeiert huet.

Hien zielt am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel iwwer den Deal mat sengen Elteren, wou e sech verflicht huet lieweslaang Piano ze spillen. Mir héieren wéi eng wäertvoll Steng hien um Belair am Gaart leien huet an dass hien ni ouni Foulard d'Haus verléisst - an dat Summer wéi Wanter.

Et geet ëm säin Dada, déi al Härenhaiser a seng Virléift zum Wantersport an dem Stretching a mir héieren firwat hien ni huet dierften 'Steppdanz' maachen.

Piano: Marc Schmidt

Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO