Hutt Dir Iech schonn ëmmer gefrot, wou d'Leit zu Lëtzebuerg am léifsten hire Kebab oder Dürüm iesse ginn? Gitt et an eiser Top 20 gewuer!

No der beschter Pizza an dem beschte Sushi am Land, ware mer dës Kéier op der Sich nom beschte Kebab zu Lëtzebuerg.

Et ass wuel den Haaptchoix bei ville Schülerinnen a Schüler an der Mëttegpaus an och weekends nom oder virum Feieren, steet dës tierkesch (oder dach däitsch?) Delikatess bei ville Studentinnen a Studenten dacks op der éischter Plaz um Menü. Rieds geet natierlech vum Kebab, engem Klassiker, dee scho laang net méi aus eiser kulinarescher Landschaft ewechzedenken ass. Einfach, séier gemaach, et schmaacht an hält bäi! Wat wëll ee méi?

Wou e genee hierkënnt, de Kebab oder "Döner", wéi en an Däitschland genannt gëtt, doriwwer gëtt sech deelweis hefteg gestridden, änlech iwwregens wéi beim Ursprong vun der "Currywurst". Eng verbreeten Theorie ass, dass e Gaaschtaarbechter aus der Tierkei zu Berlin, de Kadir Nurman, d'Iddi hat, de Kebab an där Form ze zerwéieren, wéi mer en haut nach kennen. Ma et ass awer och gutt méiglech, dass de Kebab u sech ganz einfach aus der Tierkei kënnt, dat wäit virum Nurman senger Iddi.

Wat awer gewosst ass, ass, aus wat e richtege Kebab besteet, nämlech aus engem gegrillte Brout, dat opgeschnidden a mat dënn-geschniddenem Fleesch vum Spiiss, frëschem knackegem Geméis an der markanter wäisser Zooss. Variatioune ginn et der natierlech vill, och vegetaresch Variante ginn ëmmer méi populär an och bei der Zooss hu vill Kebab-Grill-Besëtzer hir eege speziell Rezepter.

D'Fro war dohier wéi ëmmer: Wou gëtt et hei am Land de beschte Kebab? Bei der Unzuel u verschiddene Kebab-Imbisser am Land, war de Choix op alle Fall enorm, d'Zuel vun den Ofstëmmungen iwwregens och. Bis ewell hunn nach ni sou vill Leit bei eiser Ëmfro matgemaach, dofir e grousse Merci un Iech!

Hei weider RTL Readers' Choices vir nozeliesen

Plazen 20 - 11

Plaz 20: Ali Baba Kebab Haus (Déifferdeng)

Plaz 20: Lux Kebab (Beetebuerg)

Plaz 18: Derya Kebab (Larochette/Fiels)

Plaz 17: Kebab Housen (Housen)

Plaz 16: Snack Kebab Cibu's (Diddeleng)

Plaz 15: Corner Kebab (Wolz)

Plaz 14: Mido Lux Kebab (Iechternach)

Plaz 13: Best Kebab (Bouneweg)

Plaz 12: Maacher Kebap Haus (Gréiwemaacher)

Plaz 11: Amed (Schëffleng)

TOP 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg Kebab z'iessen

Hei d'Top 10 Plazen am Land, bei deenen et eise User no de beschte Kebab am Land gëtt. Dës 10 Restaurante kréien dann och en extraen "RTL-Readers' Choice"-Autocollant fir an d'Fënster, dass och all Client am Land weess, dass dës Plazen zu den Top 10 am Land gehéieren.

Plaz 10: "Ilkay Kebab" um Lampertsbierg

RTL

© Facebook/Ilkay Kebab

Plaz 9: "Snack Mondial" zu Esch

RTL

© Facebook/Snack Mondial

Plaz 8: "Zaid Grill" zu Bäreldeng 

RTL

© Facebook/Zaid Grill

Plaz 7: "Les Frères" zu Esch

RTL

© Facebook/Les Frères

Plaz 6: "Snack Istanbul" zu Wolz

RTL

© Facebook/Snack Istanbul


Plaz 5: "Bonus Kebab" zu Dikrech


Ouverture vum Restaurant: 2020

Grond fir dohinner ze goen: Brout, Pizza an Deeg ginn hei selwer gemaach

Et ass definitiv dee Kebab an eiser Top 5, deen am rezentste seng Dieren zu Dikrech opgemaach huet. Dat virun eréischt 4 Joer, sou de Hamit Capar, Proprietär vum Bonus Kebab. Erstaunlech ass, dass anescht wéi bei der Konkurrenz, de Kebab matten an enger Säitestrooss an der Foussgängerzon zu Dikrech läit, also e wéineg verstoppt. An dach schénge vill Leit de Wee dohinner ze fannen. Och nach op engem Mëttwochowend war de Snack stänneg gutt besicht.

Bei eisem Besuch ass direkt opgefall, dass villes selwer gemaach gëtt, sief dat den Deeg fir den Dürüm oder d'Pizza oder nach d'Brout fir de Kebab. Mat grousser Léift a Freed um Beruff ginn hei vill Bestanddeeler vun hire Produite selwer gemaach a mat groussem Respekt viru Qualitéit an Hygiène. D'Leit zu Dikrech an Ëmgéigend sinn op alle Fall begeeschtert, eng 5. Plaz ass dem nach jonke Betrib sécher!



Plaz 4: "Snack Lara" zu Bouneweg

Ouverture vum Restaurant: 2001
Grond fir dohinner ze goen: Modern, grouss a läit zentral an der Stad

Dat Éischt, wat engem opfält bei dësem Kebab-Restaurant, deen et elo schonn 23 Joer gëtt, dat matten zu Bouneweg, ass déi modern Erscheinung vu bannen an och vu baussen. De Bouneweger Snack Lara vun de Patronen Habib Yavuzyigit an Erdogan Veysel ass definitiv net z'iwwersinn.

Am Gespréich mam Habib Yavuzyigit war erauszehéieren, wéi frou hien iwwert dës Placéierung ass an, dass et fir hien eng absolut Freed ass, wann een iwwert dëse Wee sou e positive Feedback vun de Leit kritt. Fir seng Ekipp ass dat eng richteg Éier, well et ebe grad vun de Clientë kënnt an op déi kéim et un. Hien hätt sech awer, dat gëtt hien zou, och nawell iwwert déi éischte Plaz gefreet a probéiert et, fir déi nächste Kéier nach besser ze maachen. Dobäi wier awer ervirzehiewen, dass hien d'Nummer 1 am Zentrum vum Land ass, an och eng global 4. Plaz bei där Konkurrenz, déi mir am Land hunn, ass net vu schlechten Elteren.

Plaz 3: "Euro Kebab" zu Esch

Ouverture vum Restaurant: 1997
Grond fir dohinner ze goen: Ee vun den eelste Kebab-Snacken am Land, och nach spéit owes op

Wien zu Esch lieft, schafft oder an d'Schoul geet oder gaangen ass, dee kennt eis Plaz 3 mat zimmlech grousser Sécherheet. Den Euro Kebab ass fir vill Leit eng reegelrecht Institutioun ënnert all de Fast-Food-Offeren, virun allem am Süde vum Land léisst ee sech ongär soen, dass et eng besser Plaz fir e Kebab gëtt. D'Leyla an hire Bouf si mëttlerweil Chef am Snack op der Escher Grenz, ma virdru war hire Mann Patron, do virdrun deem seng Schwëster a Bridder. Et ass e Familljebetrib, wéi en am Buch steet.

Besonnesch dankbar war een natierlech ëmmer, wann een als Client op der Grenz e Kebab no Hallefnuecht kritt huet. Dës Zäite sinn awer no Covid eriwwer, d'Reegele wiere méi streng ginn, um 23 Auer, respektiv Mëtternuecht allerspéitstens ass Schluss. Dat wat zielt, sou d'Patrone, wier, dass een all Dag mat Léift seng Aarbecht mécht a Freed drun huet. Iwwregens wier d'Zukunft vum Euro Kebab och scho geséchert, d'Bouwen an der Famill sti schonn an de Startlächer fir d'Relève z'iwwerhuelen. 

Plaz 2: "Antalya Snack" zu Rëmeleng 

Ouverture vum Restaurant: Januar 2004
Grond fir dohinner ze goen: Frëndlecht Personal, vill Plaz fir och gréisser Gruppen, zentral zu Rëmeleng

Eng 2. Plaz bei dësem Ranking hätt de Mohammad Shamshiri sech net erwaart an ass frou iwwer déi vill Votten, déi säi Restaurant zu Rëmeleng kritt huet. Iwwer 20 Joer gëtt et den Antalya Snack elo schonn an ass nach ëmmer extrem gutt besicht. Dem Iraner säi Snack ass dann och dee beléiftste Kebab am Süden, wat bei der grousser Zuel u Kebab-Restauranten am Minett eng enorm Leeschtung ass. D'Konkurrenz am Süden ass grouss.

Him ass et wichteg, dass seng Clienten zefridde si mat deem, wat si bei him kréien, an dat géif hien och mierken a gesinn. Et ass nämlech un de Clienten ze decidéieren, wou se schlussendlech eppes iesse ginn. Dowéinst ass fir hien dës Placéierung nees eng Confirmatioun. Eventuell, an dat wier en Usporn fir säi Kebab-Restaurant, packt hien et déi nächste Kéier jo op déi éischte Plaz. Wien also déi nächste Kéier zu Rëmeleng ass, et lount sech dohinner ze goen.

Plaz 1: "Kebab Haus" zu Iechternach

Ouverture vum Restaurant: 1999
Grond fir dohinner ze goen: Dem Patron Yakup seng Oppenheet an Häerzlechkeet vis-à-vis Clienten

Op der Plaz 1 dann, dës Kéier mat iwwerwältegend groussem Ofstand zu der Konkurrenz, ass kloer d'Kebab Haus zu Iechternach komm. Déi zentral Lag, net wäit vum Lycée zu Iechternach, mécht d'Kebab Haus zu engem reegelrechten Treffpunkt, wou sech Jonk an Al treffen, fir an engem familiäre Kader e gudde Kebab ze genéissen.

Dass sou vill Leit fir d'Kebab Haus zu Iechternach gewielt hunn, dierf wuel net just um gudde Kebab, der genialer Zooss an dem knackege Geméis leien oder nach un der flotter Vue, ma och ganz vill um Proprietär Yakup Kilic senger Aart a Weis, seng Clienten ze zerwéieren a mat hinnen ze kommunizéieren. Dorunner läit him nämlech extrem vill, sou de Yakup am Interview, deen och ëmmer nees ënnerbrach gëtt, well hie seng Clientë begréisse wëll an dës och direkt de Kontakt mat him sichen. Et ass e stännege "Va-et-vient" am Kebab Haus.

De Yakup kennt praktesch jiddweree mam Numm, wat dann dach hautdesdaags éischter speziell ass an natierlech extrem gutt bei de Clienten ukënnt. Hien erzielt eis och, dass d'Corona-Zäit fir hie mat déi schlëmmsten Zäit a sengem Liewe war, well him de Kontakt mat de Leit a sengem Snack gefeelt huet.

Et mierkt een, wéi vill Spaass him seng Aarbecht no bal 25 Joer hei mécht a wéi gär hien den häerzlechen an oppene Kontakt mat senge Clienten huet, eppes dat hien och ëmmer nees betount huet. Hei wieren och scho vill Frëndschaften entstanen. Lëtzebuerg wier ouni Zweiwel seng Heemescht, hei géif sech néierens op der Welt esou wuel fillen a seng Aarbecht maachen, wéi a sengem Snack zu Iechternach.

Hie seet all senge Clientë villmools Merci fir hir jorelaang Trei, d'Freed iwwert déi éischt Plaz bei him war um Dag, wéi mir him d'Nouvelle matgedeelt hunn, net z'iwwersinn. Hie wäert senge Clienten nach laang erhale bleiwen, huet hien eis verroden.