Hutt Dir Iech schonn ëmmer gefrot, wou vill Leit zu Lëtzebuerg am léifsten hire Sushi iesse ginn? Gitt et an eiser Top 20 gewuer!

Fir déi eng ass et mat dat bescht Iessen, dat et an der japanescher, jo souguer an der ganzer asiatescher Kiche gëtt, fir déi aner Leit ass et en Horror. Rieds geet vum réie Fësch op Räis, Sushi genannt. Gleeft ee Wikipedia, soll Sushi an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert, also an de 50er, 60er vu Japan aus ëmmer méi populär an Europa gi sinn. Mëttlerweil fënnt ee sougenannte Sushi-Masteren iwwerall verstreet op der Welt. A Japan selwer ginn et Schrëften aus dem Joer 8. Joerhonnert, déi iwwert de weltbekannte Sushi erzielen. 

Mëttlerweil ass Sushi net méi aus eise kulinaresche Gewunnechten ewechzedenken. Virun allem de reie Fësch, deen dacks an oder op eng Rull Räis-Sushi kënnt, ass dat, wat op der enger Säit de Sushi zu eppes ganz Besonneschem mécht, op der anerer Säit awer och seng "Géigner" huet, déi wéineg bis näischt domadder ufänke kënnen.


Ma mëttlerweil ginn et awer masseg Alternativen, déi komplett op de reie Fësch verzichten a mat Poulet, Geméis oder souguer Uebst gemaach ginn. Net nëmmen Inhalt, ma och d'Form ännert sech... Maki, Nigri, Gunkan, Inari-zushi, Oshi-zushi... Jee, de Choix ass praktesch onbegrenzt. Eenzeg de mat Esseg vermëschte Räis schéngt eng Konstant an de meeschte Sushi-Zorten ze sinn, och wann et hei natierlech och Ausname ginn.


Wou gëtt et zu Lëtzebuerg Ärer Meenung dee beschte Sushi? Dat hu mer Iech gefrot, hei ass d'Resultat!


Wou et eise Lieser no déi beschte Pizzaen am Land ginn, kënnt Dir hei noliesen.

Plazen 20 - 11

Plaz 20: Kamakura (Stad Lëtzebuerg)

Plaz 19: Golden Chopstick (Rollengergronn-Belair)

Plaz 18: Yokoso (Bouneweg)

Plaz 17: Ichi (Briddel)

Plaz 16: Nonbe (Esch)

Plaz 15: Ichiban Sushi (Remich)

Plaz 14: La Famille (Wormer)

Plaz 13: NDO (Wormer)

Plaz 12: Koyi (Biergem)

Plaz 11: Tomo-Ya (Stad Lëtzebuerg)

TOP 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg Sushi z'iessen

Hei d'Top 10 Plazen am Land, bei deenen et eise User no de beschte Sushi am Land gëtt. Dës 10 Restaurante kréien dann och an den nächst Deeg en extraen "RTL-Readers' Choice"-Autocollant fir an d'Fënster, dass och all Client am Land weess, dass dës Plazen zu den Top 10 am Land gehéieren.

Plaz 10: "Umisaqi" zu Déifferdeng

Plaz 9: "Wasabi" zu Mutfert

Plaz 8: "Campagne" zu Suessem

Plaz 7: "Aka Cité" an der Stad Lëtzebuerg

Plaz 6: "Kobe" an der Stad Lëtzebuerg






Plaz 5: "Shabu" zu Iechternach

Ouverture vum Restaurant: Mee 2019
Meeschtverkaafte Sushi-Plat: Shabu-Rolls / Frittéiert Rolls
Propos vum Haus: Volcano Rolls

Zënter gutt 5 Joer zerwéiert de Shabu elo schonn zu Iechternach seng Spezialitéiten u seng Clienten, déi, esou schéngt et mol, extrem zefridde mam Service an dem Iesse sinn. Am Gespréich mam Gérant Xu Jingkai, betount hien, wéi glécklech an zefridden hie mam Restaurant am Zentrum vun Iechternach ass. Niewent Sushi ginn et am Shabu awer och chineesesch an thailännesch Platen, eppes dat an de meeschten asiatesche Restauranten zu Lëtzebuerg de Fall ass. Déi meescht Leit géifen awer Sushi iessen, beléift sinn hir eege Shabu-Rolls an déi frittéiert Sushien.



Plaz 4: "Hakii" zu Hollerech an der Stad Lëtzebuerg

Ouverture vum Restaurant: Oktober 2016
Meeschtverkaafte Sushi-Plat: Hot Rolls (Maki Tempura) a Menu Haki (Fusion aus japaneschen a brasilianesche Rolls)
Propos vum Haus: Queen Truffle

Den Hakii ass net nëmmen deen eenzege Stater Restaurant an den Top 5, ma och deen eenzegen, deen sech ausschliisslech op Sushi konzentréiert. An net nëmmen dat, ma wéi den Dany Francisco, gebiertege Portugis, eis erzielt, spillt den Hakii mat der klassescher japanescher Sushi-Kichen, an deem een Aflëss aus der brasilianescher Kichen domat verbënnt. Ënnert anerem gëtt et eng speziell "Roll", déi all Dag ännert, sech de Sushi-Chef also all Dag eppes Neies afale léisst. Kreatioune mat Trüffelen oder Äerdbiere sinn also am Hakii keng Ausnam, d'Spille mam Goût steet hei ganz uewen. Dem Patron no ass dat wichtegst Element fir gudde Sushi ganz kloer "Erfarung".

Plaz 3: "Papaya" zu Holzem

Ouverture vum Restaurant: 2015
Meeschtverkaafte Sushi-Plat: Papaya Roll (Spezial-Roll vum Haus)
Propos vum Haus: Papaya Roll

Gutt verstoppt ass dann de "Papaya" zu Holzem. Ma hei dierf ee sech awer net täusche loossen, well de Restaurant sech virun allem mat senger grousser Terrass a senger grousser Kaart ofhieft. An dëst mat guddem Grond, well de Restaurant all Dag, och mëttes, extrem gutt besicht ass. Eleng bei de Spezial-Rolls, déi all Restaurant huet, huet een am Papaya e Choix vun iwwer 10 verschiddene Rolls, sou de Patron Chen Qiaoyi. Zënter 2008 bereet hien och d'Sushien am Papaya zou, also schonn zënter ronn 16 Joer. An den Top 5 vum Land ze sinn, wier eng Éier, déi vill zefridde Clientë géife motivéieren, fir weider ze maachen an e gudde Service ze liwweren.

Plaz 2: "Edo" zu Dippech 

Ouverture vum Restaurant: Mee 2014
Meeschtverkaafte Sushi-Plat: Maki-Rolls
Propos vum Haus: California-Rolls

Zënter Mee 2014 gëtt et den "Edo" zu Dippech, zënter September 2023 huet den neie Restaurant seng Dieren direkt niewendrun opgemaach, dat an engem komplett neien a modernen Design, sou d'Proprietärin Jin Lina. Souwuel de reie Sushi, wéi och de Plat "demi-cru" wier extrem beléift, ma de meescht-verkaafte Sushi am Edo sinn awer déi klassesch Makien. Dem Jin Lina schmaachen d'California-Rolls am beschten. Si selwer ësst iwwregens kee reie Fësch. Sushi-Meeschter ass hire Mann, dat schonn zënter 15 Joer. Mëttlerweil huet een awer och nach anert Personal, déi de Sushi fir den Edo preparéieren. Virun allem nei Kreatiounen ze entwéckelen ass dat, wat him ëmmer nach am meeschte Spaass mécht.

Plaz 1: "Uni" zu Schieren

Ouverture vum Restaurant: Mäerz 2017
Meeschtverkaafte Sushi-Plat: Combo-Plat "Surprise"
Propos vum Haus: Uni-Rolls (speziell Rolls vum Chef)

Eis Nummer 1 ass dann den Uni zu Schieren. Zënter der Ouverture am Joer 2017 ass d'Zuel vum Personal am Restaurant och konstant geklommen, dat well d'Zuel vun de Cliente vu Joer zu Joer geklommen ass, sou d'Sun Yue, där de Restaurant zesumme mat hirem Mann Jin Qun Yi gehéiert. Hien ass et dann och, deen ënnert anerem d'Sushien am Haus mécht. Am allerléifste mécht et him natierlech Spaass, nei Kreatioune fir seng Clienten z'entwéckelen, déi, sou d'Sun Yue, och reegelméisseg no neien Zorte froen.

Dass d'Leit esou vill Vertrauen an hire Restaurant hunn an och zefridde mam Iesse sinn, mécht d'Koppel méi wéi glécklech an houfreg, a motivéiert natierlech. Déi 1. Plaz koum allerdéngs komplett onerwaart. Ufanks hat hie souguer éischter e schlecht Gefill bei der Placéierung, dat, wéi ee gesäit, komplett onberechtegt.

Eng vun de beléiftste Commanden ass de Combo-Plat "Surprise", also e Plat, bei deem ee vum Sushi-Meeschter iwwerrascht gëtt. Weider sinn awer och d'Uni-Rolls beléift, dat well et och méi e spezielle Sushi ass. D'Koppel selwer kënnt iwwregens aus China, sou dass et privat éischter manner Sushi gëtt fir si an hir Kanner. Ma ee- bis zweemol Mol an der Woch gëtt et awer och mol Sushi an da géif een et och gären iessen.