Automag: Am AlldagstestFord Puma Gen-E

Akim Schmit
Andy Brücker
De Puma ass beléift als Verbrenner, elo gëtt et en och als rengen Elektromodell.

Och 2026 ass eis Automag Ekipp nees fläisseg am Asaz fir déi neisten Autoen ënnert d’Lupp ze huelen. Éischte Kandidat am neie Joer ass de Ford Puma Gen-E, mat deem den Akim Schmit ënnerwee war.

Automag: Ford Puma Gen-E

De Ford Puma gëtt et a senger Neioplo schonn zanter 2019. Als “Gen-E” bitt Ford de kompakte Crossover-SUV elo awer och mat engem reng elektreschem Undriff un. Technesch baséiert en um reguläre Puma, optesch ënnerscheet e sech awer däitlech vum Verbrenner. Am opfällegsten ass den zouene Killergrill un der Front. E weideren Detail sinn déi grouss, liicht eefërmeg Pharen, un deenen een de Puma direkt erëmerkennt.

© Akim Schmit
© Akim Schmit

Wéi gesäit et da bannendran aus? Gëtt et do gréisser Changementer?

Bannendran ass de Puma modern a funktionell. Zwee 12 Zoll Ecranen dominéieren d’Bild. Dat meescht gëtt digital gesteiert, d’Taste sinn awer grouss genuch, fir och iwwert dem Fueren eens ze ginn. Heiansdo hätt de System awer kéinten e bësse méi séier reagéieren.

© Akim Schmit

Gutt gefall hu mer d’Plaz fir Chauffer a Bäifuerer an d’Veraarbechtung. Beim Material kënnt dann awer erëm vill haarde Plastik an den Asaz, am groussen a ganzen geet dat awer an d’Rei.

© Akim Schmit

Wéi steet et dann ëm den Undriff?

124 kW, also 168 Päerd, schéckt den Elektromotor un déi viischt Achs, d’Energie dofir stécht an enger 43 kWh grousser – oder klenger – Batterie. Domat sollen 376 Kilometer méiglech sinn. De Verbrauch gëtt Ford mat 13 bis 14,5 kWh un, bei kalen Temperature louch ech bei 16 kWh/100 km. E gudde Wäert, woubäi d’Kapazitéit vun der Batterie domat nëmme fir realistesch 270 Kilometer duergeet – 100 manner wéi um Pabeier.

© Akim Schmit

Mee huel eis mol mat, wéi mécht e sech op der Strooss?

Agreabel onopfälleg. De Sprint vun Null op 100 dauert 8 Sekonnen an d’Vitess ass op 160 km/h limitéiert – dat geet an der Praxis gutt duer. D’Fuerwierk bitt en agreabele Confort a léisst am Sportmodus och mol eng dynamesch Fuerweis zou. Fir mech huet sech de Puma agil an handlech ugefillt. Kritik gëtt et vu mir fir d’Luedleeschtung – méi wéi 100 kW sinn net dran -, a fir d’Stäip fir d’Motorhauf. Dat kléngt komesch, mee wann s de däi Luedkabel aus dem Frunk hëls, muss de jongléiere, soss kriss de Hauf op de Kapp. Do feelt der eng drëtt Hand – oder eben eng Stäip.

© Akim Schmit

Heiansdo stécht den Däiwel am Detail – apropos Detail. Wat kascht en dann?

De Puma Gen-E ass duerchduecht a kann a ville Punkten iwwerzeegen. Säin ambitionéierte Präis kéint em awer d’Genéck briechen: lass geet et bei 34.300 Euro.

+ flotten Design & Choix u Faarwen
+ agilt Fuerverhalen
+ moderate Verbrauch

- wéineg Plaz op der Réckbänk
- Luedleeschtung limitéiert
- héije Präis

© Akim Schmit

Back to Top
CIM LOGO