Automag - Sneak PreviewMercedes-AMG GT SUV

Paul Origer
Am Luxus-Segment vun de Power-SUV huet Mercedes-AMG elo säin neit Flaggschëff virgestallt.

Spéitstens zënter Lamborghini Urus, Aston Martin DBX a Ferrari Purosangue wësse mer: vum SUV-Trend bleiwen och d'Marke vu Supersportsween net verschount. Den neiste Kandidat kënnt aus Affalterbach vum Haus AMG a lauschtert op den Numm AMG GT SUV. De Paul Origer war fir eis op der Sneak Preview zu Stuttgart mat dobäi.

Automag: Mercedes-AMG GT SUV

Offiziell war d'Presentatioun vum neien SUV-Topsportler de 17. Oktober – do virdrun duerfte sech awer schonn eng Parti Journalisten den éischten SUV vun AMG am Prüf- und Technologiezentrum Immendingen ukucken.

© Paul Origer

Den Design

Natierlech a besonnesch vun hanne léisst de GT 4-Dierer, op deem den SUV baséiert, gréissen. Mee virun allem een Adjektiv beschreift am beschten den neiste Worf aus Affalterbach: imposant!

© Paul Origer

Flaach Frontscheif, laang Daachlinn, breet Schëlleren, dozou dee grousse Grill am Panamericana-Stil, sportlech kleng Spigelen a Fënsteren ouni Rumm – fir just e puer Elementer ze nennen. Net feelen dierfen déi typesch SUV-Merkmaler wéi grouss Felgen, eng héich Front an ee grousszügege Radstand.

Den Interieur

Natierlech gëtt sech och bannenan um flaache Brudder inspiréiert. D'Passagéier sëtzen déif an integréiert am Auto, de Cockpit mat bis zu 3 Displays ass op de Chauffeur ausgeriicht. Nieft ville sportlechen Atoute spillt awer och de Laangstreckeconfort eng grouss Roll. D'Sëtzer si sportlech mee awer och bequeem an hanne bitt de GT SUV Plaz wéi an der laanger S-Klass.

© Paul Origer
© Paul Origer

Den Undriff

Dee kënnt quasi aus der Formel 1. Zwee oder dräi Motoren an eng 800-Volt-Batterie solle bis zu 530 kW Dauerleeschtung, respektiv maximal 860 kW, spréch iwwer 1100 gudder aler Päerd bidden, ouni midd ze ginn. An der Topversioun kann dëse Bolid an nëmmen 2,5 Sekonnen op 100 beschleunegen, 270 km pro Stonn si maximal dran. Vitess ass awer och d'Theema beim Lueden. Um Gläichsstroum kann de GT SUV mat der grousser 128-kW-Stonne-Batterie bis zu 710 kW ophuelen, domat sinn an 10 Minutten nees 450 km dran.

© Paul Origer

Op der Strooss

Dohinner duerfte mer nach net, mee d'Viraussetzunge klénge schonn emol gutt. Fir déi enorm Motorleeschtung an dat héicht Gewiicht ze verkraafte gouf natierlech beim Fuerwierk all Regëster gezunn. AMG Active Ride Control plus heescht dat neit Wonnerwierk, wat sämtlech onerwënschte Beweegunge vun der Karosserie ënnerdrécke kann. Fir weider Sënner ze stimuléieren kann een dann och nach tëschent V8- oder 6-Zylinder-Sound aus dem Hautparleur wielen. A geet dat net duer, da bitt den AMG Race Engineer dem Chauffeur d'Méiglechkeet, den Auto a punkto Reaktiounen, Kéierendynamik an Traktioun komplett sengem Gusto unzepassen.

© Paul Origer

Am Resumé

Et bleift spannend erauszefanne wéi AMG-like deen 2,7-Tonne-Bolid sech tatsächlech fiert. Sécher ass, de Porsche Cayenne ka sech waarm undoen, wann Affalterbach hir Elektro-Rakéit zünt. Präislech läit e sécher iwwert dem 4-Dierer, ze rechnen ass mat 115.000 bis iwwer 200.000 Euro, natierlech ouni Optiounen.

© Paul Origer

Mercedes-AMG GT SUV um Internet

Back to Top
CIM LOGO