Automag - Am AlldagstestHonda Civic Type R

Andy Brücker
Den Type R ass déi sportlechst Variant vum Honda Civic, ma seng Deeg si gezielt.
De PLUS
  • Gudde Chassis a Fuerwierk
  • Vill Plaz
  • Staarke Motor
De MINUS
  • Kabel fir Android-Auto net zäitgeméiss
  • Lüftungsdüsen an der Mëtt ginn net zou
  • Sportleche Präis

Automag: Honda Civic Type R

No 28 Joer ass Schluss... Kuerz nodeems mir den Honda Civic Type R am Test haten, koum d’Pressemeldung vun Honda, dass eng “Ultimate Edition” erauskënnt, an dat dann de leschte Civic Type R ass, deen op de Marché kënnt, op alle Fall mol an Europa. An der Ultimate Edition gëtt dann nach emol ganz vill Carbon, eng speziell Lackéierung an d’Besëtzer kréien eng Geschenkbox mat nummeréiertem Emblem, engem Schlësselunhänger aus Carbon a spezielle Foussmatten.

Net Ultimate, ma “just” Type R

Ech hat d’Geleeënheet déi lescht Versioun vum normalen “Type R” ze fueren a muss elo scho soen, e wäert feelen, wann en dann net méi do ass. Wie mat engem Type R fiert, brauch eng gesond Portioun Selbstvertrauen. Mëttlerweil sinn d’Spoileren zwar méi kleng ausgefall, an awer fält ee mat dem Spëtzemodell aus der Civic-Gamme nach op am Stroosseverkéier. Sportlechkeet gëtt ganz grouss geschriwwen. Grouss Loftaläss am viischte Parecoc, Loftauslass am Capot, dräi Auspuffreier an net ze vergiessen de groussen Heckspoiler un der Mall sinn déi Elementer, déi engem direkt opfalen.

© Andy Brücker

Net just baussen opfälleg, och am Interieur

Am Banneraum geet et weider mat, wéi et sech fir en Type R gehéiert, roude Schuelesëtzer. Déi bidden enorm vill Säitenhalt, ma et gëtt een awer och deementspriechend enk dra festgehalen. Et sollt ee sech emol drasetzen, fir erauszefannen, ob ee sech wierklech dra wuel spiert am Alldag. E weidert Highlight ass d’Steierrad am Alcantara. Da fillt sech schonn am Stand sportlech un. De Schaltknëppel am Aluminium läit gutt an der Hand, och wann e sech ëmmer e bësse kal uspiert... dat hëlleft eventuell dobäi, de Chauffer ze berouegen, fir dass en net ze hëtzeg mam Type R ënnerwee ass.

© Andy Brücker

Technik-begeeschtert Automobilisten dierfte sech iwwert den Infotainement freeën, well do kritt een e sëllegen Donnéeën zum Auto, vun Usaug-Temperatur iwwert Uelegtemperatur an -drock, mat wéi vill Boost den Turbo schafft bis G-Kräften an och nach en Data-Logging.

© Andy Brücker

An Zäit wou Android Auto an Apple Carplay zum Alldag gehéieren, géif ee mengen, dat wier 2025 och ouni Kabel méiglech. Dat huet bei eisem Testauto awer net geklappt. Op Nofro hi krut ech just gesot, dat wier ganz komplizéiert anzestelle via Bluetooth oder Wifi, dofir wier et besser mam Kabel?!

Spéider hunn ech erausfonnt, dass et wuel e verstoppte Menü gëtt, wou een Android Auto och ka Wireless fräischalten. Dat hunn ech awer leider eréischt erausfonnt, wou ech den Auto schonn nees zeréck ginn hat. Wann een den Handy via Kabel uschléisst fir ze verbannen, läit den Handy iwwregens och ganz schlecht an der induktiver Luedschuel an et riskéiert ee säin USB-C Port um Handy ze beschiedegen. Do heescht et deemno oppassen.

© Andy Brücker

D’Klimaanlag gëtt zum Gléck nach iwwert normal Dréi- an Drockknäppecher bedéngt. Wat mer do allerdéngs opgefall ass, et kritt een d’Lüftungsdüsen an der Mëtt vum Auto iergendwéi net aus.... déi säitlech kann een zoudréien, déi an der Mëtt awer net. Wisou dat sou ass, konnte verschidde Mataarbechter bei Honda mer och net beäntweren.

© Andy Brücker

Op der Strooss

Den aktuellen Type R ass de séiersten, deen Honda bis elo op de Marché bruecht huet. Den 2 Liter VTEC gëtt via Turbo zwangsbeootemt, wouduerch en et op 329 PS bréngt an 420 Nm Dréimoment. D’Motorcharakteristik ass awer ëmmer nach Honda-typesch op Dréizuel ausgeluecht. Wann ee méi flénk domadder ënnerwee ass, mécht d'6-Gang manuell Boite wierklech Spaass, ma et muss een zimmlech präzis schalten, soss kann et mol sinn, dass deen een oder anere Gang net direkt eraflutscht.

© Andy Brücker

De Chassis ass versteift an dat sportlecht Fuerwierk suergt zu all Moment fir en Erliefnis op der Strooss. Dobäi kommen dann nach déi wierklech gutt Pneuen, déi serieméisseg montéiert sinn. Et muss ee sech awer beherrschen, soss kann et mol zu onangeneeme Gespréicher mat der Police kommen.

© Andy Brücker

Et däerf een ee Feature vum Honda Civic bei aller Sportlechkeet awer net vernoléissegen. Et ass am Fong e groussen Auto mat vill Plaz. Zu 4 gëtt ëmmer nach net enk an d’Mall kann op iwwer 1.200 Liter Volume vergréissert ginn, wann een déi hënnescht Réckbänk ëmleet. Duerch den Design ass et am Fong e Mix aus Hatchback a Stufenheck.

© Andy Brücker

Fazit a Präisser

Den Type R ass eng richteg Fuermaschinn. Mäi Verbrauch louch bei 8,9 Liter, woubäi ech bannent zwou Wochen iwwer 1.000km domadder gefuer sinn. Genervt war ech vum Sécherheetsgurt, bei deem d’Schlass de falsche Wee am Auto montéiert war, an et ëmmer ee Gefummels war, fir de Gurt opzeman. Positiv iwwerrascht war ech vun der Alldagstauglechkeet, och wann ee mam Auto dann awer zimmlech opfält.

Präislech geet et lass bei knapp iwwer 58.000 Euro, ma wéi gesot, et heescht sech bäimaachen, well et sinn déi lescht Honda Civic Type-R’en, déi et an Europa wäert ginn.

© Andy Brücker

SITE: Honda Civic Type R
CRASHTEST: Honda Civic (2022)

Back to Top
CIM LOGO