Automag - Am AlldagstestKia Sportage Hybrid

Christian Schmit
En Auto mat villen Talenter, wéi de Christian Schmit aus der Automag-Redaktioun fënnt.

Feste Bestanddeel vun der Gamme bei Kia an e ganz beléifte Modell bei der Clientèle ass de Sportage. Dee kann a ville Variatioune bestallt ginn a koum elo als Hybrid-Versioun an d'Automag-Redaktioun. De Christian Schmit ass deen am Alldagstest gefuer.

Automag: Kia Sportage Hybrid

Jo genee. Kia made in Korea ka sech grad net iwwer Beléiftheet bekloen. A si fueren och mat hire Modeller op zwou Schinnen. Därer di zu 100% elektresch ugedriwwen, an därer déi Béides verdroen. De Kia Sportage koum als Mildhybrid bei eis.

© Christian Schmit

Mat oder ouni Stecker?

An dësem Fall ass dann zwar eng kleng Batterie u Bord vun grad emol 1,49 kw. Dat geet duer fir elektresch vum Parking ze fueren, an de Sportage luet sech iwwert dem Fuere mat Recuperatioun beim Bremsen dann op.
Do hu mir ënnert dem Capot e 1600er mat 180 PS an zousätzlech 65 PS aus der E-Maschinn. An esou hu mir eng System Leeschtung vun 239 PS. Vun den Iwwergäng vun Elektro op Bensinner kritt een hannert dem Volant net vill mat.

Mécht en optesch eng gutt Figur?

Jo duerchaus. Di spannend Géigesätz an der Designlinn fale schonn op. A Kia nennt déi "Opposites United". De beléifte Modell an der Gamme gouf iwwerschafft a krut e frëschen Design, ronn an eckeg, elegant a sportlech zugläich. Ofgestëmmt an der DNA vu Kia. Méi imposant an dat och duerch di "Star Map" gedeeften LED-Luuchten.

© Christian Schmit

Wéi fiert e sech dann esou am Alldag?

Ech muss soe ganz agreabel. Fuerwierk, Lenkung a Fiederung passen zum Charakter vum Koreaner.
D'Fuerleeschtunge ginn och an d'Rei, mat 8 Sekonnen op 100 a nobäi 200 à l’heure. An dann och nach spuersam ënnerwee. Knapps iwwer 6 Liter, dat ass dach e gudde Wäert fir de Familljebudget. A bei Famillje kann e punkte mat Polyvalenz, Plaz a Confort. Ok an der GT Line Versioun komme bal 48.000 Euro zesummen, jo Kia ass keng bëlleg Mark méi. Mee dann huet een awer e Luxus Liner an der Garage.

© Christian Schmit

Woumat gëtt dann opgetrompt?

Do fält emol gläich en zweefaarwegen Interieur op. De Chauffeur huet a Curved Screen vru sech. Um Display gëtt d'Kamerabild vun de Baussespigelen beim Iwwerhuelen an den Interieur projezéiert. Elektresch Sëtzer mat Heizung a Lëftung gi gebueden, Panoramadaach, an aus de Boxe kënnt de Sound an Harman/Kardon Qualitéit, fir just emol déi opzezielen. E komplett neien Navi-System, KI-ënnerstëtzt, Infotainment an Assistenzsystemer vum neiste Stand, zielen och dozou.

© Christian Schmit

Wat hale mir dann ënnert dem Stréch fest?

Vum Exot am Joer 1994 mat deem éischte Sportage vu Kia, huet dësen eng impressionant Karriär gemaach, an dat op alle Kontinenten. Dat wäert och mat der elo scho 5. Generatioun esou weidergoen. En Auto mat villen Talenter, an Kia oblige, och nach ëmmer mat dem "argument de vente", der Garantie vu 7 Joer.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO