AutomagLeapmotor B03X

Paul Origer

Kennt dir Leapmotor? Virun 2 Joer hat d'Mark hiren Debut um Lëtzebuerger Autofestival, mat grad emol 2 Modeller. Zënterhier entwéckelt sech déi chineesesch Mark rasant a gehéiert antëscht och zu der grousser Stellantis-Famill. Den neiste Worf ass, wéi kann et anescht sinn, een elektresche Kompakt-SUV mam krypteschen Numm B03X. Wat kann en a wéi war den éischten Androck? Dat huet de Paul Origer op der Presentatioun zu Málaga erausfonnt.

Automag: Leapmotor B03X

Eent gouf op der Presentatioun schonn direkt kloer gemaach: Leapmotor wëllen net ee vu ville chineeseschen Autobauer mat Dumpingpräisser sinn, si wëllen op hir Cliente lauschteren a genee dat baue wat gefrot ass. Mee elo mol der Rei no.

© Paul Origer

Den Design

Dee bleift der Famill trei. Extrem glat ouni Ecken a Kanten – gutt fir d'Aerodynamik mee iergendwéi och e bësse langweileg. Fir e bësse Pepp suergen alt d’Réckluuchte mam Äfferchersgesiicht an e puer blénkeg schwaarz Kontraster wéi den Daach oder d’D-Sail. Mat nëmme 4m27 ass de B03X awer och agreabel kompakt a perfekt fir de Gebrauch am Alldag.

© Paul Origer

Den Interieur

Am änleche Stil wéi den Exterieur, jee no Versioun vu langweilegen däischtere Grotéin bis e bësse méi frëndlech helldonkel Kontraster. Wat gefält, dat sinn d'Matièren, déi sech gutt upaken, wéi dat besonnesch mëllt Eco-Lieder vun de Sëtzer.

© Paul Origer

De grousse Schierm an der Mëtt ass hautzedaags e Muss, praktesch ass en plus dee méi klenge virum Chauffer an nawell vill Oflagen. E bësse méi speziell dogéint d'Fënsterhiewer, déi anescht wéi gewinnt no hannen op an no vir zoumaachen. Wou de B03X seng Punkte sammelt, dat ass bei der wierklech agreabeler héijer Sëtzpositioun, dem Raumgefill, dem Sëtzconfort an de pfiffegen Iddien. Wéi déi bei Honda geknäipte Réckbänk, wou een d’Sëtzfläch eropklappe kann oder een extrem déiwen zweete Mallebuedem.

© Paul Origer

Den Undriff

Zwou Batterien an zwou Leeschtungsstufe bitt Leapmotor un: 39,8 an 53 kW-Stonnen, 130 oder 145 kW Motorleeschtung. Entweder 292 oder 382 km soll domat laut WLTP méiglech sinn. Wann een den heiansdo nidderegen Test-verbrauch vun ëm déi 13 – 14 kW-Stonnen a Betruecht zitt, dann dierft do esouguer nach net Schluss sinn.

© Paul Origer

Op der Strooss

Fuerdynamik stoung definitiv net am Cahier de charge. De B03X huet zimmlech Traktiounsproblemer, dozou nach eng ze vill mëll Fiederung an eng total syntheetesch Steierung ouni iergendee Gefill. Wien awer vun A op B muss an dat gär roueg, confortabel a wendeg, dee kritt deen Auto deen e brauch. Doriwwer eraus ass de kompakte SUV mat sengem klenge Wendekrees immens handlech, esouguer an immens enke Gaassen, duerch déi se eis zu Malaga geschéckt hunn.

© Paul Origer

Am Resumé

Ech krut vläicht keen Häerzklappen, dofir ass de B03X awer ee ganz vernënftegen Auto. D'office schonn emol voll equipéiert, esou dat de Choix sech nëmmen op d'Faarf an op d'Batterie begrenzt. Dee Stress also scho manner. A beim Präis dierft de Bluttdrock och niddereg bleiwen: 24.900 oder 28.900 Euro si wierklech fair fir vill Auto.

  • lëftegen a praktesche Banneraum
  • relativ komfortabel Fiederung
  • Präis-Leeschtung
  • nidderege Verbrauch
  • Traktioun a Steierung
  • Stroosselaach näischt fir Dynamiker
  • langweilegen Design bannen a baussen

© Paul Origer

Back to Top
CIM LOGO