Automag - Éischte KontaktLeapmotor B10

Rich Simon
Andy Brücker
De Leapmotor B10 soll deen europäeschste chineeseschen Auto um Marché sinn, behaapten déi Responsabel vun der Mark.

An dësem Automag schwätze mir iwwer eng relativ nei Mark, nämlech Leapmotor. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun hat e Vertrieder vun där Mark am Test. Ouni mech ze wäit aus der Fënster ze leeën, behaapten ech mol, datt Leapmotor nees eng nei chineesesch Mark ass an déi och elektresch ënnerwee ass.

Eng nei chineesesch Mark mat engem Model fir Europa

Du hues dech net ze wäit aus der Fënster geluecht. Well dat ass effektiv de Fall. Zanter 2019 gëtt et eréischt Leapmotor. Viru 6 Joer huet ee grad emol 1.037 Autoe verkaaft. Elo ass een an dësem Joer, bei iwwer 600.000. Dat nennt ee Croissance. Gleeft een de Responsabele vu Leapmotor, dann ass de B10 deen europäeschste Chinees deen et den Ament um Marché gëtt.

Wéi ass dat ze verstoen?

Dat ass eng gutt Fro. D’Äntwert ass villäicht déi, datt Leapmotor eng d’Joint Venture mam Grupp Stellantis agaangen ass. Zu deem Grupp gehéiere Marke wéi Opel, Fiat oder och nach Peugeot, fir nëmmen dës ze nennen. A mat Leapmotor bréngt Stellantis et elo fäerdeg, Elektroautoen op den europäesche Maart ze bréngen, déi präislech méi wéi konkurrenzfäeg sinn.

Dat geet jo awer net duer, fir datt ee seet, et wier een deen europäeschsten Auto?

Do hues du komplett Recht! Esou eppes “typesch” Europäesches ass villäicht, datt den Auto hanne gedriwwen ass. De Chassis kënnt vu Stellantis, wou dann och nees Europa am Spill ass. An den Design vum B10 erënnert dach staark un eng méi kleng Versioun, vun engem Porsche Macan.

© Rich Simon

Wéi kleng, respektiv grouss ass de Leapmotor B10 dann?

Fir een SUV aus dem C-Segment, ass e wierklech grouss. Bannen am B10 huet een immens vill Plaz, fir een Auto mat enger Längt vu 4 Meter 50. Esouwuel Been- wéi och Kappfräiheet huet ee masseg. Dobäi kënnt eng Mall, déi am normale richteg gutt 430 Liter grouss ass a wann d’Sëtzer ëmgeklappt sinn, esouguer 1.700 Liter.

© Rich Simon

Dann huel eis emol mat op d’Strooss...

De B10 huet eng Leeschtung vun 160 kW, also 218 Päerd. Domadder ass ee vun 0 op 100, an 8 Sekonnen. Den Auto fiert sech gutt, wann do net d’Fuerassistente wieren, déi virun allem op schmuele Stroossen iwwermotivéiert sinn. Mat enger optimaler Gewiichtsverlagerung vu 50:50, bereeden och enk Kéieren dem Auto keng Problemer. Een negative Punkt ass deen, datt den Display, deen hannert dem Steierrad ass, esou kleng ass, datt een näischt ofgelies kritt, wann een um Steierrad dréit. Dofir ass den Haaptdisplay, typesch chineesesch, awer nees extrem grouss.

© Rich Simon

Wéi gesäit et mat de Präisser an dem Verbrauch aus?

De Leapmotor mat der klenger Batterie vu 56,2 kWh, gëtt et vun 29.900 Euro un. De B10 mam 67,1kWh Akku, vun 31.900 Euro un. Dat ass also een Ënnerscheed vu just 2.000 Euro. Fir déi kritt een awer, 73 Kilometer Autonomie méi. Et kann een d’Rechemaschinn eraushuelen, wat fir eng Optioun déi besser ass. De Verbrauch gëtt Leapmotor mat 17,3 kWh op 100 Kilometer un. Bei der Testfaart louch ech bei just 13,1 kWh. Dat hat ech och nach net dacks, datt ech wäit ënnert der WLTP Norm louch.

Wat fir ee Fazit zitts du?

Du kriss, fir déi genannte Präisser, ganz vill Auto. Jo, bannen am Auto ass haarde Plastik verschafft, dee sech awer op de gefuerenen Testkilometer, net negativ bemierkbar gemaach huet. Um Auto ginn et praktesch keng Optiounen, déi een nach kann auswielen. Et ass ganz einfach schonns alles am Präis mat dran. Esouguer ee Panoramadaach. Dat eenzegt, wat se a China vergiess hunn, ass den hënneschte Wischer. Si wousste villäicht, datt op der Testfaart d’Sonn géif blénken.

© Rich Simon

SITE: Leapmotor B10
CRASHTEST: Leapmotor B10 (2025)

Back to Top
CIM LOGO