An dësem Automag geet et ëm e Bestseller vu Mazda. De Mazda 6 kenne mir alleguer, mee elo dann eng nei Generatioun am Showroom. An do huet sech de japanesche Konstrukteur dofir decidéiert, dass deen a senger neister Form elo nach just reng elektresch ugebuede gëtt. De Christian Schmit war op der Presentatioun an Däitschland mat dobäi.
Jo de Mazda 6, e Modell aus der Mëttelklass huet tatsächlech op der ganzer Welt Karriär gemaach, a kënnt antëscht op 4 Milliounen Exemplairen. Elo dann als Mazda 6e am Geescht vun der Zäit mat E-Power, an nom bescheidenen Erfolleg mam MX-30, de Renouveau.

Wéi presentéiert sech dee Neien dann?
E mécht eng gutt Figur. E modernen Optrëtt op 4m92, an a senger Silhouette ass en als typesche Mazda ze erkennen. Zäitlos elegant war d’Virgab vun der 5-diereger Limousine un den Designer. Jo richteg héieren, kee weideren SUV, mee eng elegant Limousine. De Spoiler ass integréiert a fiert ab Tempo 90 km/h elektresch eraus.

Wat gëtt dann u Batterie Leeschtung gebueden?
Mazda wär net Mazda, wa net wéi dacks fir eng Iwwerraschung gutt. Déi Kéier déi, dass et Batterië mat 69 an 80kw/h ginn, mee komescherweis luet déi Long Range Versioun méi lues wéi di kleng. Op der klassescher 11kw Borne mécht et ronn eng Stonn aus, an och beim Fastcharger brauch e Mazda 6e Long Range duebel esou laang fir vun 10 op 80% ze kommen.

D’Leeschtung läit bei 245 an 258 PS. Op eisem Testparcours wou Stad, Iwwerland an Autobunnpassagen dobäi waren, ass e souverän ënnerwee mat gutt ausbalancéiertem Fuerverhalen. Fuerleeschtungen gi méi wéi an d’Rei, a ganz positiv hu mir e Verbrauch vun ënner 16kw/h notéiert. Esou kéint dat mat der Autonomie vun tëscht 480 a 550km klappen.
De Mazda 6e kënnt reng elektresch mee soss heescht Strategie bei Mazda: Multiple choice
An esou kënnt een elo mat Skyactiv, Hybrid an EV-Versiounen op 8 verschidde Motorisatiounen.
Bannenan, och elegant?
Genee et ass eng Kombinatioun aus Lieder an Alcantara, déi sech weise léisst a korrekt verschafft. Schued, dass ee bei all där Plaz hannen, wéinst dem Batterie-Package nawell net confortabel ënnerwee ass.

Zwee Ecranen, ee virum Chauffer an e groussen an der Mëttelkonsol, mee leider wéi esou dacks dach komplizéiert ze bedéngen.

Grousse Bemol, esouguer d’Wischeren aktivéieren oder Spigelen ajustéieren leeft heiriwwer, genee wéi de Recuperatiounsmodus.
Dann nach de Bléck an d’Präislëscht?
Do schléit d’Stonn vum Mazda 6e. E Präis-Leeschtungsverhältnes wat top ass. Ënner 40.000 Euro, a bal keng Oppräis-Optioune fir déi Limousine mat der 69kw-Batterie.
Mazda hat bis dato net vill ze bidde bei der Elektromobilitéit, mee dat kéint sech awer elo mat China-KnowHow séier änneren. E leeft dann och a China vum Band, an ab September scho bei iech am Alldag, wa gewënscht.
