Den CX-60 huet fir d’Modelljoer 2025 e Facelift spendéiert kritt. Woubäi et dës Kéier keng optesch Verännerunge gëtt, wann ee vun där neier Faarf „Zircon Sand“ ofgesat. Méi bedeitend sinn nämlech d’Ännerungen ënnert dem Blech an déi kleng Upassunge bei den Equipementslinne.

Bei der Virstellung vum CX-60 hues de d’Fuerwierk kritiséiert. Huet sech do eppes geännert?
Effektiv ass déi Kritik bei Mazda ukoum, esou dass d’Fuerwierk nei ofgestëmmt gouf. De Fokus läit op méi Fuerstabilitéit a Confort. D’Geometrie an d’Dämpfung vun der viischter Achs goufen iwwerschafft; un der hënneschter Achs komme méi mëll Fiederen a méi straff Stoussdämpfer an den Asaz. Och d’Servolenkung, d’Fuerdynamikregelung an den Allradsystem kruten e Software-Update. Ënnert dem Stréch soll den CX-60 nom Facelift elo manner andauchen an a méi komfortabel sinn.

Esouvill zur Theorie. Wéi ass dann däin Androck dann an der Praxis?
Dat hänkt ganz dovun of, mat wéi engem Undriff dass de ënnerwee bass. Beim Plug-In Hybrid (PHEV) falen d’Ännerunge méi subtil aus. Ech fannen en nach ëmmer en Tick ze straff, mee et dierf en net vergiessen, dass de Plug-In Hybrid ronn 120 Kilo méi schwéier ass wéi säin Diesel-Pendant. D’Alternativ – a mäi Favorit – ass a bleift den 3,3 Liter Reie-Sechszylinder Diesel.
Du hues virdrun och Ännerunge beim Equipement ugeschwat…
Do gëtt et elo zwou nei Top-Equipementslinnen an zwar ""Homura Plus” an “Takumi Plus”. Déi bauen op deenen zwou bekannte Linnen “Homura” an “Takumi” op a sinn am Fong mat allem equipéiert, wat bei Mazda fir Geld ze kréien ass. Ech nennen do nëmmen de Glas-Panoramadach, d’Bose-Soundanlag, den elektresche Mallendeckel oder nach d‘360-Grad-Kamera.

Nei am Programm sinn nei Bezich aus schwaarzem Nappa-Lieder a méi glatem Lieder um Armaturebried, nei Dekor-Elementer un der Mëttelkonsol an e schwaarzen Daachhimmel.

Am Resumé huet Mazda also op d’Kritik gelauschtert?
Mazda huet den CX-60 do iwwerschafft wou et néideg war ouni sech a Spillereien ze verléieren oder Clienten, déi schonn en CX-60 fueren, virun de Kapp ze stoussen. D’Präisser fir de Plug-In Hybrid fänke bei 53.400 Euro („Prime Line“) un. Fir den Diesel (RWD) geet et bei 49.980 Euro lass.
CRASHTEST: Mazda CX-60 (2022)
SITE: Mazda CX-60
Automag vum 5. September 2022: Mazda CX-60