Am dësem Automag dréit sech alles ëm de Mercedes-Benz CLA Shooting Brake. Nom éischte Fuerandrock op Mallorca kuckt den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp, wéi sech den elektresche Kombi am Lëtzebuerger Alldag schléit. A Kombi, dat kléngt no Familljenauto. Ass en dat dann och?
Mat Aschränkungen. Mat 455 Liter huet d'Mall eng uerdentlech Gréisst an duerch de groussen Deckel ass se och vill méi einfach ze beluede wéi bei der CLA Limousine. Klappt een d'Réckbänk ëm, ginn 1.290 Liter draus. An da gëtt et vir nach e Frunk mat 101 Liter – do passen zum Beispill d'Luedkabelen eran, ouni datt se an der Mall am Wee leien.


Jo, mee grad do mierkt een, datt de Shooting Brake trotz allem méi Lifestyle-Kombi wéi klassesche Familljekombi ass. Ech hunn et mat engem Kannersëtz ausprobéiert: Deen ass séier montéiert an op der Réckbänk ass och genuch Plaz. Déi hënnescht Diere sinn allerdéngs relativ kleng. Wann een e Kand an de Sëtz setzt oder eraushëlt, mierkt een, datt déi sportlech Form och Nodeeler huet.

Ganz gutt. D'Fuerwierk kritt de Spagat tëscht sportlech a komfortabel wierklech gutt hin. An och déi 354 Päerd an den Allradundriff hunn am Alldag genuch Drock, ouni dass de Comfort verluer geet. Besonnesch positiv sinn d'Assistenzsystemer: Si schaffen am Hannergrond a gräifen diskret an, amplaz permanent mat Warnungen ze nerven.
Do huet de CLA mech bal nach méi iwwerzeegt. Am normale Beruffsverkéier, iwwer Land an an der Stad sinn ech méi wéi eng Kéier bei just ronn 13 Kilowattstonnen op 100 Kilometer gelant. Op der Autobunn, bei engem Aller-Retour an e Fraizäitpark zu Rust waren et der 18,8. An iwwer déi ganz 2.300 Kilometer, déi eisen Testauto bis dohin absolvéiert hat, stoung eng Moyenne vu 15,9 Kilowattstonnen um Bordcomputer.

Da spillt d'800-Volt-Technik hir Stäerkt aus. Mercedes versprécht maximal 320 kW, bei mengem Test hunn ech e Peak vun 292 kW gesinn. Laang Pause muss een domat also net aplangen.
Jo, virun allem dass et fir d'Klimaanlag keng richteg Knäppercher gëtt… an ech hu missen erstaunlech dacks manuell noreegelen, well d'Gebléis sech net ëmmer esou ugepasst huet, wéi ech dat wollt. A wann s de eng Kéier offline bass, verléiert den Infotainment-System direkt eng Partie vu senge Funktiounen.

Den CLA Shooting Brake ass kee Raumwonner an och kee klassesche Kombi. Ma fir eng kleng Famill, déi net direkt op en SUV wiessele wëll, bitt en eng interessant Mëschung aus Design, Alldagstauglechkeet a Fuerkomfort. A beim Verbrauch an beim Schnellluede weist en da, wéi reestauglech en Elektroauto mëttlerweil ka sinn.
