En neit Joer hu mir, an ëm e “Renew” geet et och an dësem Automag. Bei Opel hate si 2025 d’Äerm eropgestrëppt an u verschiddene Modeller geschafft, fir d’Attraktivitéit ze stimuléieren. De Christian Schmit war fir eis op där Presentatioun mat dobäi.
Genee, an dat zu Rüsselsheim bei Mainz do wou jo d’Wéi vun der Mark mam Blëtz steet. An och wann Opel jo zënter 2017 zum Grupp Stellantis gehéiert, esou ass ee weiderhi beméit, seng Modeller eegestänneg an innovativ ze gestalten. Esou och beim Modell Astra, deen elo seng 25 feiert. An e puer Deeg ass d’Weltpremière zu Bréissel um Salon Auto, woubäi sech der dann awer vill wäerte froen, wat huet da changéiert?

Wisou dat?
Jo et ass e ganze softe Facelift, deen Opel spendéiert. Optesch fält awer d’LED Intelli-Lux HD Show op, mat 51000 Pixelen, déi e Kompass soll duerstellen. Dorop ass een houfreg.
Des weidere gëtt elo ganz op Chrom verzicht, a vegan Materialien kommen elo an den Interieur, inklusiv d’Steierrad.

Ënnert der Hauf kritt d’Elektroversioun elo méi Power, elo 58kWh an 156PS. Domadder leet d’Autonomie bis op 450 en etlech Kilometer bäi. Jo, an den Opel ka mat Vehicle to Load och elo als Powerbank oder Generator genotzt ginn.

Wat kënnt dann nieft der E-Versioun nach a Fro?
Fir déi, di léiwer op Plug-in-Hybrid-Technik vertrauen, déi gräifen dann zum 196 PS staarke 1600er Moteur, a kommen an Zukunft eng 80km wäit, reng elektresch. Och aner méi schwaach Versiounen aus dem Stellantis Moteureregal si méiglech, an, jo 2026 kann den Astra vun Opel och nees als Diesel bestallt ginn. Et wéilt een der Demande a verschiddene Marchéen gerecht ginn.

Nom Motto: German / Approchable / Fresh, soll an de Versiounen Evolution, GS an Ultimate d’Verkafszuelen eropgeschrauft ginn.
Den neien Astra war awer net déi eenzeg Nouveautéit déi gewise gouf?
Jo de Modell “Frontera” stoung prett fir en Tierchen ze dréinen. Hei gouf vrun allem un der Aerodynamik gefeilt mam Resultat, dass den héije Verbrauch vun iwwer 18kW elo op 16.5kW konnt reduzéiert ginn. Op eisem Testparcours mat Autobunnpassagen hu mir awer festgestallt, dass di annoncéiert 410km kaum erreecht ginn.

Di 113PS an 54kWh-Batterie ginn duer fir am Alldag am Verkéier matzeschwammen, mee all ze vill Temperament ass net ze erwaarden. Déi zwou Mild-Hybrid Variante mat entweder 110 oder 145 PS bleiwen am Programm.

D’Neiegkeete bei der Mark mam Blëtz si geschwënn disponibel a sti wéi gesot elo zu Bréissel um Salon Auto, a bestëmmt och um Autofestival bei eis Enn Januar.