Automag: Och am Rallyesport doheemOpel Mokka GSE

Akim Schmit
Andy Brücker
De séiersten Elektro-Opel ass en SUV

Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis op der Virstellung vum neie Mokka GSE mat dobäi.

Automag: Opel Mokka GSE

Et gouf eng Zäit, do stounge GSI, GTE a GSE fir déi sportlechst Modeller bei Opel, quasi dat wat bei VW de GTI ass. Laang Zäit war et bei Opel awer roueg, wann et ëm sportlech Modeller gaangen ass. Ma mam Mokka Grand Sport Electric – dofir steet d‘Ofkierzung GSE nämlech elo - ännert sech dat.

© Akim Schmit

Bis elo war den Opel Mokka jo éischter e brave Kompakt-SUV

Abee, als GSE klëmmt d’Leeschtung vun 156 (115 kW) op 281 Päerd (207 kW) an 345 Nm Dréimoment. Domat ass de Sprint op Tempo 100 a 5,9 Sekonne méiglech, d’Spëtzt läit bei 200 km/h. Dat mécht en zum séiersten elektresche Serien-Opel deens de aktuell kafe kanns. Dräi Fuermodi gëtt et, woubäi am Normalmodus bei Tempo 180 Schluss ass, déi voll Leeschtung gëtt et nëmmen am Sport-Modus.

© Akim Schmit

Sport ass et gutt Stéchwuert: wat mech dann aus dem Mokka e GSE?

Opel ass och am elektresche Rallyesport aktiv, a genee do misst d’Technik sech an enger éischter Phase beweisen ier se deelweis fir de Serie Mokka GSE iwwerholl gouf. De GSE huet dowéinst verstäerkten Achsen, méi kräfteg Bremsen, eng méi direkt Steierung an nei Hydro-Dämpfer. Gréisst Ännerunge sinn awer d’Spärdifferenzial un der viischter Achs an de méi sportlech ofgestëmmten ESP. Am Banneraum gëtt et an der éischter Rei Alcantara-Performance Sëtzer mat integréierte Kappstäipen, en ofgeflaachte Steierrad an Alu-Sportpedallen. Soss bleift alles beim alen.

© Akim Schmit

An der Theorie kléngt dat alles sportlech, ma wéi mécht e sech dann op der Strooss?

Vir ewech: och als GSE bleift de Mokka ëmmer nach en SUV. Ma mat der Batterie am Ënnerbuedem, sengem nidderege Schwéierpunkt an dem Gewiicht vun nëmmen 1,6 Tonne pecht en um Makadamm. Op der Landstrooss kënnt dann och Fuerspaass op: d’Steierung ass präzis, den Untrëtt elektro-typesch kräfteg nëmmen d’Bremse kéinten, grad am Sportmodus, méi gëfteg zoupake.

© Akim Schmit

Mir schwätzen hei iwwert en Elektroauto. Wéi steet et dann em Reechwäit a Luedleeschtung?

Et ass do, wou eng kleng Wollek d’Freed e bëssen dréift: d’Batterie ass déi selwecht wéi an der normaler Versioun. Mat hire 54 kWh stécht am beschte Fall Stroum fir 336 Kilometer dran, duerno muss nees geluede ginn. An dat dauert: méi wéi 100 kW zitt de Mokka och un der séierster Borne net. Domat disqualifizéiert sech de Mokka als Auto fir reegelméisseg Laangstrecken ze fueren.

Nach e Wuert zum Präis: de Mokka GSE start bei 45.800 Euro.

© Akim Schmit

Back to Top
CIM LOGO