Clio ass Renault – keen anere Modell aus der Gamm ass esou wichteg fir Renault, wéi hire Vertrieder am B-Segment. Elo stoung fir de franséische Bestseller een Nofollger um Programm, an deen huet sech zimmlech verännert! De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Lissabon derbäi.
Mir erënneren eis zeréck: 1990 gouf dem legendäre Renault 5 säin Nofollger virgestallt, dee mam Numm Clio d’Ära vun den Zuele bei Renault op een Enn bruecht huet. Zënterhier goufe 17 Millioune vum Polo-Konkurrent verkaf, lescht Joer waren et nach 420.000 um belsch-lëtzebuergesche Marché.
Den Design
Wow, Renault huet sech eppes getraut! Ganz no un den éischten Entwërf an zimmlech wäit vum Virgänger ewech, wollten d’Designer dee sexysten (esou den O-Toun vu Renault) Clio op d’Rieder stellen. Eng Front mat Haifëschnues à la Ford Mustang, en Heck mat sportlechen eenzele Réckluuchten, dotëscht eng gutt proportionéiert Karosserie mat markanter Luuchtesignatur, grousse Rieder a frësche Faarwen – dat mécht Androck!

Den Interieur
Och hei gëtt et e grousse Sprong no vir. Agreabel Matièren, propper Veraarbechtung an net ze vill Rätsele beim Bedéngen - besonnesch an der Ausféierung Esprit Alpine ass ee mat Alcantara, speziellen Dekor-Baguetten am verbrannte Metall an der Premium-Klass ukomm.

Just bei der Plazoffer kann dann och Renault op 4m12 keng Wonner wierken. Sëtzt ee vir wierklech wéi de Chef, da bleift hannen absolut keng Plaz fir d’Been. Nach eng Rei hannendrun ass an der Mall mat 309 – 391 Liter awer alles an der Rei.

Op der Strooss
De Motoreprogramm gouf gestrafft: een Turbobensinner an een Hybrid, dat war et. Eis Testween op der Presentatioun haten dat neit Zuchpäerd ënnert dem Capot, den E-tech full hybrid mat 160 PS. U sech eng Motorisatioun déi mer schonn aus anere Modeller kennen an do gutt fonctionéiert. Fir de Clio gouf den Hybrid nach emol komplett iwwerschafft, verbraucht manner a soll bis zu 1.000 km packen. Op eisen Teststrecken huet sech de relativ niddrege Verbrauch mat ëm déi 5 Liter bestätegt an den Hybrid als wierklech rouegen a souveräne Motor erausgestallt.

160 PS si jo och net schlecht, e Clio Williams aus den 90er hat der emol 150. Den E-Tech fiert virun allem vill an dacks elektresch, d’Emswitchen op den 1800er Bensinner geschitt immens diskret. Wat de Clio awer besonnesch kann, dat ass fueren. Aussergewéinlech komfortabel an awer straff an dynamesch genuch, dat war nach ëmmer eng Domaine vu Renault a bestätegt sech och beim Clio Nummer 6. En plus daacht en zesumme mat der gudder akustescher Isolatioun duerchaus och fir laang Strecken.

Am Resumé
E flotten Design, e kompletten Equipement mat bis zu 29 Assistenzsystemer an eng modern Motorisatioun – bis op ze knapp Plaz op der hënneschter Bänk hat ech op deenen éischte Kilometer mam neie Clio näischt ze meckeren. D’Präisser sinn allerdéngs och selbstbewosst: bei ronn 18.300 geet et lass, den Hybrid kascht iwwer 4.400 Euro Oppräis, esou dat ee séier bei iwwer 25.000 Euro lande kann. Mee wéi soten se schonn deemools: “elle tout d’une grande”!
