D'Zuel 130 steet elo am Mëttelpunkt am Automag. 130 Joer Škoda goufe gefeiert, an dofir koum e besonnesche Modell op de Marché, de Škoda Fabia 130 Edition, an dee war an der Automag-Redaktioun gelant. De Christian Schmit war mat dësem ënnerwee. Wat stécht dann do derhannert?
Jo aus engem brave Fabia gëtt esou e Modell mat GTI Allüren. GTI, dat si jo déi Modeller, déi méi Wuppes ënnert dem Capot hunn, an och optesch e bëssche méi opfale wëllen.

An dat kann de klenge Škoda?
Jo ouni elo ze déck opzedroen fält dee Klengen op mat senger zwee-faarweger Lackéierung, e puer Spoileren, 18 Zoll Felgen, an dem Schrëftzuch 130.
Di 130 steet effektiv fir de Firme Jubiläum, a fir d'Leeschtung a Kilowatt, mécht deemno 177 PS. An déi gi wierklech duer fir am Alldag mat deem gewëssenen GTI-Feeling ënnerwee ze sinn.

7,5 Sekonnen op 100, a bal 230km/h Spëtzevitesse, dat ass dach awer e Wuert fir de 4-Zylinder Turbo Bensinner. Duerch Hardware an duerch Software gouf de Fabia op méi Dynamik getrimmt, a veränneren de Charakter vum Moteur.
Effektiv hänkt de klengen Tschech mat der DSG-Boîte gutt um Gas, a bleift nawell jee no Temperament-Uspréch, mat tëscht 5,5 an 6,8 Liter Verbrauch zimmlech raisonnabel.

Chauffer a Passagéier ville sech bannenan och gutt opgehuewen?
Ouni grouss Iwwerraschungem, typesch Škoda, funktionell a praktesch arrangéiert. En digitaalt Kombiinstrument mat 10 Zoll Infotainmentsystem, an awer muss hei dank Knäppercher wéineg duerch Menue gescrollt ginn.
D'Sportsëtzer bidden deen néidege Confort a Säitenhalt am Sträifen-Design. Natierlech sinn op 4 Meter 10 hannen keng üppeg Plazverhältnesser ze erwaarden.

Schloe mir d'Kapitel Präis nach op, a wat hale mir als Fazit fest?
Ech géif soe mam Škoda Fabia Edition 130 kann ee sech tatsächlech e gewëssene GTI-Feeling an d'Garage huelen. Vläicht grad, well jo kleng sportlech Autoen, déi net um Kabel hänken, sech rar maachen.
Et muss een allerdéngs gewëllt sinn dann och deen oder aneren Dausender wieder op den Dësch ze leeën. Jo 34.790 Euro si vill Suen, mee dofir kann een dann awer och behaapten, dee séierste Fabia vun allen Zäite säin Eegen ze nennen.

Um Internet: Škoda Fabia 130