Wéi ass dat, ee Rallyeauto am Alldag ze fueren? Déi Fro huet sech de Paul Origer gestallt wéi, no der Presentatioun zu Lyon am leschte Joer, den Toyota GR Yaris elo fir een Alldagstest um Menü stoung. Schliisslech ass dee klenge Japaner mat Renntechnik a Leeschtung vollgestoppt an antëscht schonn ee Sammlerobjet. Wéi dem Paul seng Impressioune waren, dat seet en eis elo.
De GR Yaris ass een Homologatiounsmodell fir d’Rallye-Weltmeeschterschaft an huet dofir net vill mam normale Yaris um Hutt. Anescht wéi säi brave Brudder huet de GR nëmmen 3 Dieren an Allradundriff esou wéi Baudeeler vun anere Modeller. Just d’Pharen, d’Spigelen an d’Floss vun der Antenn si mam brave 5-Dierer identesch.

Design
E bëssen erënnert e mech un eng franséisch Bulldogg, gedrongen a muskuléis. Vir dominéiert de grousse Grill, deen den Intercooler frësch Loft verschaaft an hannen déi breet Baken, déi dem Corolla seng breet Achs verdecken. Ofgeronnt duerch 2 aarmdéck Auspuffréier a Felgen am Renndesign fält e schonn op, de Yaris op Anabolika, trotzdeem feelt em op der Autobunn e gewëssenen Iwwerhuelprestige.

Interieur
Wëllkomm am Sportstudio: knackeg Sportsëtzer am Alcantara, e grëffegt Steierrad an een Tableau, dee mech un eng Spillkonsol aus menger Kannerzäit erënnert an e bëssen dem japaneschen Design aus den 90er een A zoupëtzt. Do kucken ech doriwwer ewech, dat de Plastik sech deels wierklech bëlleg ufillt an een no hannen eraus guer näischt gesäit.

Wat ech awer vermëssen, dat sinn e puer Zentimeter méi Verstellberäich fir de Chaufferssëtz. An déi zwou hënnescht Sëtzplazen mutt een éischter enger Jackett an engem Rucksak zou.

D’Mall ass okay, mee duerch d’Technik ënnendrënner och elle geschrumpft.
Op der Strooss
Am Ufank hunn ech geduecht; deen Auto passt net méi an eis Zäit. Fir vun engem Chantier bei deen nächsten oder am Stau ze piddelen mécht de GR Yaris kee Spaass. Mee dunn, en Tour op déi wonnerbar Stroossen vun eisem herrlechen Éislek huet de japaneschen Delta Integrale voll a säin Element bruecht. Seng absolut Paradediscipline ass nämlech d’Traktioun. Egal wéini een déi 280 PS lass léisst, aus Kéieren eraus, op naasser Pist, si ginn ëmmer a Beschleunegung ëmgesat. An iwwerhaapt, Beschleunegung: Deen nëmme 1600 Kubik groussen Dräizylinder huet et a sech. Extrem gëfteg am Untrëtt zitt en aus alle Lage voll duerch bis an de Begrenzer a gläichzäiteg klanglech, wann och elektronesch gepimpt, all Regëster. Vu Grommelen iwwer Fauchen bis Jäizen ass all Stëmmlag vertrueden. A wärend deem ganze kann een herrlech duerch déi 8 Stufe vun der extrem viver Wandlerautomatik flipperen.

Domat net genuch. Dat ganzt gouf och nach mat engem perfekte Fuerwierk gekréint. Bësseg krallt sech dat un de Makadamm a léisst esouguer a séiere Kéieren de Yaris awer seng Rou behalen. A propos Steierung, se läit perfekt zur Hand an all Kommando gëtt 1 zu 1 a mat vill Réckmeldung ëmgesat.
Am Resumé
Net vu Muttwëll waren déi 150 Exemplairen direkt ausverkaf. De GR Yaris bitt Rallyetechnik fir op d’Strooss. Ronn 53.000 Euro ass vläicht vill an am Alldag stéieren déi briethaart Fiederung, déi héich Bannegeräischer an déi oniwwersiichtlech Karosserie. Op der anerer Säit bleift de Verbrauch mat tëscht 9 an 11 Liter nach a Moossen an onbezuelbar bleift hei de Fuerspaass, deen esoubal keen aneren Auto wäert kënne bidden.
