Automag: En Alldagstest mat VerspéidungToyota Land Cruiser (Limited Launch Edition)

Andy Brücker
Weltwäit ass de Land Cruiser doheem a gëllt als extreem zouverlässeg a robust.

An dësem Automag komme mer op eng reegelrecht “Legend"ze schwätzen, dat aus dem Haus Toyota. De Land Cruiser ass eng éischte Kéier als “Toyota B” den 1. August 1951 an d’Liewe geruff ginn. 74 Joer méi spéit gëtt et en nach ëmmer, an den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun hat en am Test.

Automag: Toyota Land Cruiser

Wéis de richteg ernimmt hues... et ass eng Legend, eng Ikon, déi iwwer vill Joerzéngte bewisen huet, wat se kann an ëmmer nees bestätegt huet dass een op se ziele kann. Weltwäit ass den Toyota Land Cruiser am Asaz an ëmmer nees gëtt op en zeréckgegraff, well en einfach fiabel ass.

© Andy Brücker

Kann déi nei Generatioun dann dorunner uknäppen?

Dat muss sech mat der Zäit weisen. Schonn d’lescht Joer ass den neiste Land Cruiser op de Marché komm, an et huet nawell laang gedauert, bis en och am Pressefuerpark vun Toyota zu Lëtzebuerg ukomm ass. Sou kann ech zum Beispill elo scho verroden, dass mir d’Limited Launch Edition fuere konnten, ee Modell, deen et esou scho guer net méi ze kafe gëtt. Hei schwätze mer awer haaptsächlech dann iwwert eng Kombinatioun un Equipementer.

© Andy Brücker

Den “normale” Land Cruiser kritt ee selbstverständlech nach beim Toyota-Händler vu sengem Vertrauen ze bestellen, dat a verschiddensten Ausstattungen.

Da komm mir schwätze mol iwwert d’Basics. Wat definéiert an dengen Aen den neie Land Cruiser?

Do komme mer net laanscht d’Karosserieform. Déi ass och an der 8. Generatioun ëmmer nach däitlech z’erkennen. Markant Formen, déi d’Offroad-Fäegkeeten ënnersträichen an engem ze verstoe ginn, mat mir kanns de och an de Bësch, an de Bulli oder iwwer Fielse krackselen. Dozou gehéiert dann déi héich Buedemfräiheet vun 21,5 Zentimeter.

© Andy Brücker

Alles wat den Undriff ugeet, ass massiv ausgeluecht, woumat dann och d’Zouverlässegkeet soll ënnerstrach ginn. Virun allem den Allrad-System wousst an de viregte Generatiounen ze iwwerzeegen. Ech war zwar elo net op eng Offroad-Pist ausprobéieren, wéi gutt den Allrad ass, ma bei deenen zwou dräi klenge Geleeënheeten, wou de 4x4 gebraucht gouf, huet en dat souverän gemeeschtert.

© Andy Brücker

De Land Cruiser gëtt jo awer net nëmme vu Leit beweegt, déi an der Wüst, dem Dschungel oder am Bësch domadder ënnerwee sinn. Wéi ass et mat der Alldagstauglechkeet?

Déi ass definitiv ginn, och wann de Land Cruiser net wierklech Sënn mécht, wann ee just domadder vun A op B op d’Schaff fiert, d’Kanner an d’Schoul bréngt oder emol bis an de Supermarché fiert. Dat wier, wéi wann een e Schwäizer Täschemesser mat 35 Utensilien huet an een awer ëmmer nëmmen de Plastiks Zännstëppeler benotzt.

© Andy Brücker

Och am Interieur ass villes op Funktionalitéit ausgeluecht, ouni awer op eng gutt Veraarbechtung an och e gewësse Luxus ze verzichten. Den 2,8 Liter Diesel huet zwar just 205 PS, dofir awer 500 Newtonmeter Dréimoment. Geschalt gëtt via eng 8-Gang-Automatik an d’maximal Vitesse ass mat 170 Stonnekilometer uginn.

© Andy Brücker

An d’Mall passe minimum 130 Liter, hannert enger drëtter Sëtzrei, oder bis zu maximal 2.000 Liter. D’Luedfläch ass bei ëmgeklappte Sëtzer och richteg grouss, héich a breet. Iwwer 1m60 déif, 84cm héich an 110cm breet op der schmuelster Plaz. Do kritt ee schonn dat eent oder anert Miwwelstéck domadder geplënnert.

© Andy Brücker

Fir déi ëmgeklappte Sëtzer ze fixéieren, ginn et souguer extra Gurter, fir dass se och op hirer Plaz bleiwen, wann et mol méi holpereg gëtt.

© Andy Brücker

Och fir d’Passagéier am Land Cruiser ginn et genuch Méiglechkeete sech festzehalen, souwuel an der viischter Sëtzrei, wéi och an der hënneschter. Wann dat engem net duergeet, kann een nach eng Remorque hannendrun hänken, maximal 3,5 Tonne kënnen do gezu ginn.

© Andy Brücker

Praktesch ass och déi hënnescht Fënster vun der Mall, well déi kritt ee separat opgeklappt, deemno kann een och mol séier eppes hannendra geheien oder eraushuelen, ouni d’Mall mussen opzemaachen, dat ka praktesch sinn, wann een zum Beispill ze no un enger Mauer geparkt huet.

Dat kléngt jo villverspriechend... do bleift dann nach d’Fro nom Präis.

Lass geet et bei knapp 88.000 Euro Basispräis. Do mat abegraff sinn awer och bis zu 10 Joer Garantie. A wien elo mengt, mat enger Occasioun géif ee vill méi bëlleg dovu kommen, dee muss ech enttäuschen. De Land Cruiser gëtt nawell héich gehandelt, och wann e schonn eng Partie Joren um Bockel huet, respektiv vill Kilometer. Deemno heescht et zimmlech déif an d’Täsch gräifen, wann ee sech ee Land Cruiser zouleet, ma e behält och eng gutt Valeur iwwert d’Joren.

© Andy Brücker

Back to Top
CIM LOGO