
Déi zwee Autoen, iwwer déi mir schwätzen, sinn allebéid vun Toyota. Eng Kéier den Aygo X Hybrid an dann de ganz neien Urban Cruiser. Ech géif gäre mat deem klengen Aygo X ufänken.
2022 koum den Aygo X, als Successeur vum Aygo op de Maart an elo eeben als Hybrid-Versioun. Deen huet mat kombinéierten 116 Päerd, der 44 méi, wéi de Virgängermodell. Als thermesche Motor ass een 1,5 Liter 3 Zylinder verschafft, deen och schonns am Yaris zum Asaz kënnt.

Wann een Hybrid seet, dann interesséiert ee sech natierlech fir de Verbrauch.
An dee Verbrauch ass och dat, mat deem Toyota wëll punkten. An ech kann et direkt soen, dat gléckt de Japaner och! Offiziell gëtt Toyota de Verbrauch mat 3,7 Liter un. Dat ass schonns eng kloer Uso. Un déi 3,7 Liter kënnt een och drun, wann een normal mam Auto fiert. Ass een awer wierklech ganz virsiichteg mat der Gaspedall, da bréngt een et fäerdeg mat 3,1 Liter op 100 Kilometer ënnerwee ze sinn.

Wärend dem Test hu mir eis e bësse mat de belsche Journaliste Kolleegen duelléiert. Den Challenge war, wien et géif fäerdeg bréngen, am mannsten ze verbrauchen. Gewënnerkroun ass op Lëtzebuerg gaangen. Mir hunn et nämlech fäerdeg bruecht, mat 2,6 Liter ze fueren. Am normale Beruffstrafic, ass dat awer net méiglech. Mee déi reell 3,1 Liter, sinn awer extreem gutt. Méi bëlleg kann ee praktesch net fueren.

Wéi presentéiert sech den Aygo X, global gesinn?
Theoretesch hues de 4 Plazen am Auto. An der Praxis ass et awer éischter een 2 Sëtzer, fir an der Stad hin an hier ze fueren. Op den hënneschte Sëtzer ass et just bequeem, wann‘s de iwwer Joren eraus 3 Mol an der Woch an de Yoga-Cour gees. Mat just 212 Liter an enger relativ héijer Luedkannt, ass d‘Mall méi wéi iwwersiichtlech. Den Auto fiert sech awer ganz gutt. Virun allem, well déi sougenannten CVT-Boîte een Upgrade krut. Iwwer déi hunn ech mech schonns déi eng oder aner Kéier op dëser Plaz opgereegt. Toyota huet awer nogebessert an dat deet dem Aygo X gutt. Den Aygo X gëtt et, vun 20.047 Euro un.
Dat ass ee klengen SUV, aus dem sougenannte B Segment. Woubäi den Urban Cruiser guer net kleng eriwwer kënnt. Hien huet zwar nëmme 4 Meter an 28 Zentimeter, mee d’Raumgefill ass immens gutt. Du hues och op den hënneschte Sëtzer vill Plaz, idem an der Mall, déi mat 310, respektiv 306 Liter fir de 4-Rad-Undriff iwwer dem Duerchschnëtt läit, fir een Auto aus dem B-Segment.

Wann ech dat elo richteg verstanen hunn, gëtt et den Urban Crusier als 2- an als 4-Rad-Undriff?
Dobäi sti beim 2-Rad-Undriff zwou Batterien zu Auswiel: Eng Kéier 49 kWh mat 144 Päerd an eng Kéier 61 kWh, mat 174 PS. Dobäi kënnt dann nach de 4-Rad-Undriff, mat och 61 kWh Akku an 184 PS. Ech denken, datt virun allem de méi staarken Akku mat Frontundriff de Wee bei de Client dierft fannen.

Wéi ass d’Gefill op der Strooss mam Urban Cruiser?
D’Raumgefill iwwerdréit sech och op d’Fuergefill. Du hues ni den Androck, datt s du mat engem éischter klengen SUV ënnerwee bass. Den Auto ass souverän op der Strooss. Den allgemengen Trend, fir datt d’Steierrad ëmmer méi liicht muss dréinen, zemools bei méi klengen Autoen, geet Toyota net mat. An dat ass och gutt esou. Ganz iwwersiichtlech ass de Cockpit. Toyota verzicht drop, fir alles am Display ënnerzekréien. Dofir hues de Knäppercher fir déi wichteg Funktiounen, déi och op der richteger Plaz an einfach ze bedénge sinn. Et ass wuel Plastik am Interieur verschafft, awer vun enger gudder Qualitéit.

Wéi gesäit et da mam Verbrauch aus?
Anescht wéi beim Aygo X sinn ech beim Urban Cruiser net un de Wäert erukomm, deen Toyota versprécht. Mam 2-Rad-Undriff an 174 PS, gëtt Toyota 15,1 kWh un. Mäi Verbrauch louch bei 18,5 kWh. D’Autonomie läit bei dem klengen Akku bei 344 Kilometer. Bei deem méi Grousse bei 426 Kilometer a beim 4-Rad-Undriff bei 395 Kilometer. Dat predestinéiert den Urban Cruiser net, fir wäit an d’Vakanz ze fueren. Dat ass bësse schued, well vun der Plaz déi den Auto ubitt, wier dat kee Problem.
D’Präisser fänken fir den 2-Rad-Undriff bei 34.805 Euro un. Den Allradler kritt ee vun 39.745 Euro un.