Et gëtt net esou vill Modeller, déi iwwer 50 Joer an der Gamme vun enger Autosmark opdauchen. Mam Polo vu VW ass dat awer de Fall. Iwwer 20 Millioune mol ass en an tëscht weltwäit verkaf ginn. An elo gëtt mam eng nei Ära agelaut. Reng elektresch, an dem Potenzial fir e Bestseller? De Christian Schmit huet dat op der internationaler Presentatioun erausfonnt.
An dat war zu Wien an Ëmgéigend. Laang gouf e jo annoncéiert, an elo dann endlech prett fir op d'Strooss. Den ID. Polo. Nieft dem Golf tatsächlech ëmmer nach, wéi di däitsch soen, "Brot und Butter“ Auto, also e wichtege Modell fir d'Dagesgeschäft bei VW. An dowéinst goufen d'Hausaufgabe gemaach, fir dass dat eppes gëtt mam Erfolleg. True Volkswagen, also e richtege VW, esou gëtt elo weltwäit gepubt.

Typesch VW, keen opreegenden Design, kloer Linnen, mee een wou och an en etlech Joer nach modern wierkt. Zäitlos. Wie méi Pep a punkto Design wëll, dee waart op de GTI, oder kuckt bei CUPRA a Skoda, déi jo och zum VW Grupp gehéieren.

Den ID. Polo, eppes iwwer 4m laang, elo ëmmer mat 4 Dieren, a bitt Plaz fir 4 Leit. An di variabel Mall passen op d'mannst 440 Liter, e Frunk vir gëtt et net. D’Sëtzer, déi bidden e gudde Confort, deemno wéi och mat Massage-Funktioun.

E ganz nohaltegen Interieur och, mat zum groussen Deel recycléierte PET-Textilien, an et gëtt komplett op Produkter aus der Déierewelt verzicht. D'Veraarbechtung passt och.
Am Interieur sinn et Ecrane mat 10 an 13 Zoll-Format, um Volant an och an der Mëttelkonsol sinn et nees richteg Knäppercher, Retro-Design inclus wa gewënscht. Et hätt een op de Client gelauschtert.

Leeschtungen tëscht 115 an 211 PS mat 37 KW Batterie, oder enger mat 52. Mir si mat där grousser ënnerwee gewiescht an do dierfte 400 km dra sinn. Zemools e Verbrauch, trotz Autobunn, vun ënner 14 kW dra war.

A propos Consommatioun: Op enger Mission Efficiency Tour vun Wolfsburg op Wien konnt e ganz aerodynameschen VW op Polo Basis, 3 Weltrekorder opstellen. Den ID. Polo kann och, anescht wéi bei der Konkurrenz, just reng elektresch bestallt ginn.
Et mécht Spaass en ze beweegen, Fuerleeschtungen ginn am Alldag voll an d'Rei, a säin dynamesche Chassis wosst och ze iwwerzeegen. Keng gutt Zensur awer beim Oplueden. Maximal 105kW gi gebueden, sorry VW, mee anno 2026 kann een dat eigentlech net méi bréngen.

Dat variéiert tëscht 24.000 a 40.000 Euro. De VW Polo mécht säi Wee och an der E-Versioun. Ass esou eppes wéi e gudden ale Copain, oder wéi VW seet, "Deen Neien, deen e scho kennt".
Volkswagen ID. Polo um Internet

Um Bord vun där Presentatioun konnte mir dann och schonn den neien ID. 4 kenneléieren, an am Tarnkleed och fueren. En heescht dann an Zukunft ID. Tiguan. Di nächst Ikon gëtt elektrifizéiert, esou VW, mee de Verbrenner Tiguan bleift och am Programm.