Ah, Modena, do fält engem dach direkt Ferrari an. Korrekt, mee och eng aner, net manner bekannten italieenesch Mark huet zu Modena hiert Doheem – Maserati! An do gouf et e ganz besonnescht “Heem-Kommen” ze feieren. De Paul Origer war fir eis bei Maserati zu Modena derbäi.
Et ass an der Lescht méi roueg ginn em d’Mark mam Dräizack - dofir gouf elo d’Geleeënheet genotzt fir Maserati mol nees e bëssen a Schwong ze bréngen, oder?
Dat ass richteg. D’Venten hale sech staark zeréck, nei Modeller loossen op sech waarden. Héich Taxe maachen d’Saach och net besser. Dofir koum elo eng wichteg Noriicht vum Mammenhaus Stellantis grad geleeën: d’Produktioun vun zwee wichtegen an ikonesche Modeller vu Maserati, dem GranTurismo an dem GranCabrio, kënnt nees zeréck an dat historescht Wierk zu Modena.

An dat gouf natierlech grouss gefeiert!
Op jidder Fall, an dat muss een den Italieener jo net bäibréngen. Den Optakt am Sënn vum Wuert gouf et deen éischten Owend am Teatro Communale Modena Pavarotti-Freni – en Operenhaus aus dem 19. Joerhonnert. Ënnert dem Motto Meccanica Lirica a begleet vu bekannten Arien aus der Oper Turandot vum Puccini duerft ee bordeaux-rouden GranTurismo op der Bün matwierken. Spéider krut esouguer de legendäre Sound vum Maserati-V8 säin Optrëtt, an enger Kompositioun vum italieeneschen Artist Dardust. Net feelen duerften op deem Owend natierlech d’Chef-Etage vu Maserati a Stellantis esouwéi den Haaptsponsor a Spezialist fir Hifi doheem an am Auto Sonus Faber.

Den offiziellen Akt stoung dann den nächsten Dag um Programm?
An dat war déi offiziell Ouverture vun der Produktiounslinn fir déi zwee wichteg Maserati-Modeller. Och hei waren d’Membere vun der Direktioun, wichteg Vertrieder aus der Politik esou wéi déi international Press derbäi, wéi mat gëllene Schéieren d’Bändchen duerchgeschnidde gouf. Uschléissend un dee grousse Moment duerfte mer déi eenzel Produktiounsetappe materliewen, wou wéineg automatiséiert a vill manuell Aarbecht geleescht gëtt, fir een héije Qualitéitsstandard ze erfëllen. Iwweregens sinn eis am Wierk zu Modena och Modeller vun Alfa Romeo iwwert de Wee gelaf. D’Quadrofoglio-Versioune vu Stelvio an Giulia ginn nämlech am Maserati-Wierk vun der italieenescher Motor-Valley fäerdeg montéiert.

Dat war awer net alles, Maserati hat och nach Neiegkeeten unzekënnegen?
Déi goufen op jidder Fall erwaart, schliisslech ware bei de Pressevertrieder genuch Petrolheads derbäi, deenen d’Wuel vun der ikonescher Mark um Häerz läit. D’Ukënnegungen hu sech awer a Grenze gehalen. Déi finanziell Situatioun erlaabt am Moment keng grouss Spréng, de Lancement vun engem steierlech besser placéierten Hybrid-Undriff mécht awer genee esouvill Hoffnung wéi dem Maserati-Chef Jean-Philippe Imparato seng Aussiicht op een neie Quattroporte! Antëscht wëll Maserati mam neie Personnaliséierungsprogramm Fuoriserie faszinéieren, agedeelt an dräi Kollektioune Corse, Futura an Unica ginn et speziell Lackéierungen, ausgefale Sëtzbezich, Felgen oder Bremssiedel an exklusive Faarwen – et ass bal alles méiglech, fir een eenzegaartege Maserati ze bestellen. Perfekt demonstréiert gouf dëst vun de One Off Modeller GranTurismo a GranCabrio Meccanica Lirica.

LINK: Internetsite vu Maserati