Duster plus
An zwar sinn et 20 Zentimeter, déi de Bigster säi klenge Brudder iwwertrëfft. Deem gläicht en och zimmlech, just den hënneschten Deel fält duerch déi besonnesch ausgeformte Flank op. Soss ass alles dran wat eng Famill brauch; eng grouss Mall, praktesch Oflagen a Léisungen, Plaz fir 4 – 5 Leit an ee wierklech spuersamen Hybrid-Undriff.