FordBlau-Pause

No enger richteger Well vun neie Modeller ass et dëst Joer méi roueg. Dofir léisst en neit Partenariat mat Renault op nei Modeller hoffen – eventuell esouguer de Retour vum Fiesta.

Méi Elektro-Ford

Dat ass eent vun den Haaptziler vun der neier Zesummenaarbecht mat Renault, nämlech d’Pallett vun den Elektroautoen ze erweideren. Basis ass d’Ampere-Plattform vu Renault, op deier schonn de R5 E-Tech oder den Nissan Leaf baséieren.

Liichten Update

De Pick-up Ranger krut e puer Retouche baussen a bannen a kënnt an zousätzleche Finitiounen. Interessant ass awer virun allem deen neien Hybrid-Undriw, eng Kombinatioun aus engem 2.3-Turbo-Bensinner an Elektro-Maschinn. 281 PS a bal 700 Nm Dréimoment sinn net iwwel, maximal 43 km elektresch Autonomie soll den Hardcore-Ford packen.

Ford um Internet

Ford am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO