Alles bingo
Nodeems de Renault 5 E-Tech electric an de Renault 4 E-Tech electric um leschte Festival d’Retro-Stars waren, ass et elo un der neier Versioun vum Twingo E-tech electric. De klenge 5-Dierer soll am A-Segment fir Onrou suergen an d’Atouten vu senge Virgänger matbréngen: lëschteg, faarweg a modulabel. Bis zu 263 elektresch km gi versprach, 60 kW Motorleeschtung suergen dofir, dat ee vum Fleck kënnt. Dat wichtegst awer: de Präis start ënner 20.000 Euro. Fir de Festival wäert den Twingo et awer leider net an déi Lëtzebuergesch Showrooms packen.
Elle a tout d’une grande
Als eng vun de wéinege Marke setzt Renault nach op déi “kleng” Autoen. Den neie Clio ass dat bescht Beispill an iwwertrëfft a villem seng Virgänger, besonnesch am elo vill méi emotionalen Design. Mee och ënnert dem Capot deet sech eppes; de spuersamen Hybrid-Undriw, déi sëllegen Assistenzsystemer oder de schicke Banneraum sinn alles anescht wéi typesch fir ee klengen Auto.
Am neie Stil
Am Kader vun engem Facelift gouf den Austral dem neie Renault-Design ugepasst. Banne ginn et ënnert anerem nei Sëtzer an eng besser akustesch Isolatioun.