BYDEt geet virun

De Floss vun neie Modeller hält net op.

Fir jiddereen

U sech ginn et net esouvill bezuelbar Gefierer an der SUV-Kompaktklass – vun elo un mëscht deen neien ATTO 2 do mat. Den Design ass typesch SUV an de Banneraum nawell grousszügeg ouni baussen d’Moossen ze sprengen. Wat Equipement an nei Technologie beim Infotainment ugeet, ass den Atto 2 um neiste Stand a gëtt z.B. over the Air aktualiséiert. Iwwer 400 km Autonomie an eng relativ séier Luedleeschtung maachen de kompakten SUV och fir d’Laangstreck interessant. Weem de frechen Design gefält, fir dee ka fir déi méi kuerz Trajeten am Alldag den neien Dolphin Surf interessant sinn. Déi nei Plattform an déi bewäerte Blade-Battery-Technik loossen nach vill Plaz bannenan ouni den Alldagsnotzen anzeschränken. Bis zu 322 km si laut WLTP méiglech, d’Fuerleeschtunge si mat 115 kW an 220 Nm héich genuch.

BYD um Internet

BYD am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO