BYD ass eng vun deene chineseschen Autosmarken, déi an de leschte Joren och de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn. Ënnert anerem mam Atto 2. Bis elo gouf et dee just mat Elektro-Undriff. Dee gëtt et nach ëmmer elektresch, elo ass awer och eng Plug-in-Hybrid Versioun ze kréien. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun ass déi zwee Autoe gefuer. Beim elektreschen Atto 2 huelen ech un, datt et eppes Neies gëtt....
Soss hätt d’Presentatioun kee Sënn gemaach. Beim éischte Modell gouf et vill Kritik un der Batterie. Net onbedéngt un der Qualitéit, awer un der Kapazitéit. Den Akku hat grad emol 45 kWh. Deen ass elo op 64,8 kWh eropgaangen. Domadder geet d‘Autonomie och erop. Nämlech laut WLTP vun 312 op 430 Kilometer. D’Luede geet och vill méi séier. A grad emol 19 Minutten kann ee mat bis zu 155 kW den Atto 2 vun 30 op 80 Prozent lueden. D’Leeschtung ass och eropgaangen, nämlech vun 177 PS op elo 204 Päerd. Domadder huet een de Sprint vun 0 op 100 a 7,9 Sekonnen hannert sech.

Dat sinn a groussen d‘Zich d‘Neierunge beim elektreschen Atto 2. Du has awer och de Plug-in-Hyrid zur Verfügung.
Mam Seal an Tang war BYD schonns mat Hybrid Technik, um Marché vertrueden an elo eeben och mam Atto 2, am SUV Kompakt Segment (B Segment). Optesch sinn déi zwee Autoe praktesch identesch. Ënnert dem Blech ass dat net de Fall. Den Hybrid huet een 1,5 Liter Bensinner ënnert dem Capot. Dobäi kommen zwou ënnerschiddlech Batterien. An der Active Versioun, gëtt den thermesche Motor, mat engem 7,8 kWh Akku ënnerstëtzt . An der Boost Konfiguratioun, mat enger 18 kWh Batterie.

Wéi gesäit et dann mat der Autonomie vu deenen zwou Versiounen aus?
Hei kann ech mech net ze wäit aus der Fënster leeën, well Testkilometer leider ze kuerz waren, fir ee reelle Wäert kënnen ze nennen. BYD versprécht awer, 930 Kilometer fir d‘Active Versioun, mat 166 Päerd déi engem zu Verfügung stinn. Reng elektresch soll ee 40 Kilometer kënne fueren. Bei der Boost Versioun, déi 212 Päerd liwwert, soll een déi magesch 1.000 Kilometer kënne knacken an 90 Kilometer mam Akku kënne fueren. Mäi Verbrauch louch bei deene gutt 30 Kilometer, déi ech gefuer sinn, bei 4,6 Liter.

Testkilometer sinn e bëssen ze kuerz komm. Ass et awer duergaangen, fir ee Gefill fir den Auto ze kréien?
Wat direkt opfält, ass déi gutt Qualitéit déi bei BYD verschafft gouf. Plastik ass praktesch ee Friemwuert. Wat d‘Fuerverhalen op der Strooss ugeet, hätt ech mir déi ganz Fiederung, nach e bësse méi sportlech gewënscht. De Motor leeft relativ roueg, ausser wann een awer de Kickdown dréckt. Dat mécht den 1,5 Liter 4 Zylinder, sech awer bemierkbar. Och d’Wandgeräicher si present, wann ee mat iwwer 100 Kilometer an der Stonn ënnerwee ass. Et ass eng CVT Boîte am Atto 2 verschafft, déi gutt funktionéiert. Verschidden aner Marken kréien dat net esou hin.

Wéi gesäit et mat de Präisser aus?
Déi sinn, dat muss een esou soen, méi wéi attraktiv. Virun allem wann ee kuckt, wéi den Auto verschafft ass a wat een alles an der Basis schonns mat dran huet. Den elektreschen ass fir 32.818 Euro ze kréien. Den BYD Atto 2 DM-i, also d‘Hybrid-Versioun kritt ee schonns fir 26.581 Euro.
