LeapmotorNei dobäi

Schonn d'lescht Joer hat déi chineesesch Autosmark hiren Optrëtt um Festival, dëst Joer ass se dann och an eisem Dossier vertrueden.

Natierlech een SUV

E bezuelbaren a kompakten SUV fir d’Famill, dobäi och nach mat vollelektreschem Undriw, dat ass de B10. Hannert dem zeréckhalenden Numm verstoppt sech am Fong alles wat ee brauch; Plaz bannenan, modernen Infotainment an Assistenzsystemer esouwéi een 218 PS staarken E-Motor mat maximal 434 km Autonomie. Eng Kategorie driwwer placéiert sech den C10. De grousse SUV baséiert op enger 800V-Plattform, bidd eng Spëtzeleeschtung vu 598 PS an eng Acceleratioun op 100 an nëmme 4 Sekonnen. Allrad soll, jee no Versioun, ee séchert Fuerverhale garantéieren an d’81,9 kW-Stonne-Batterie mat 180 kW geluede ginn.

Leapmotor um Internet

Leapmotor am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO