Mercedes-BenzNei Offensiv

Mam neien CLA start eng komplett Well vu frësche Modeller an enger iwwerduechter Elektro-Strategie.

Eng Plattform a vill nei Modeller

Et ass schonn aussergewéinlech dat Mercedes ausgerechent mat enger kompakter Coupé-Limousine eng nei Ära ukënnegt; den neien CLA mécht villes anescht. Ugefaange bei de Motorisatiounen – den CLA gëtt et reng elektresch an als Hybrid. Mat EQ-Technologie, also reng elektresch, soll d’Autonomie bei maximal 792 km leien. Bis zu 325 Kilometer kënnen an nëmmen 10 Minutten nogeluede ginn. Doriwwer eraus versprécht Mercedes mam neie Betribssystem MB.OS dee “cleverste Mercedes” vun allen Zäiten. Direkt hannendrun koum d’Kombiversioun CLA Shooting Brake, deen natierlech méi praktesch Uspréch erfëlle wëll. 405 Liter Mall hannert der serieméisseg elektrescher Klapp sinn awer net d’Welt, de sportlech eleganten Design war do awer méi wichteg. Déi technesch Basis iwwerhëlt de Shooting Brake vum Coupé, genee wéi de Panoramadaach, deen ab Wierk an alle Versioune verbaut ass.

Déi fir Mercedes wichtegst Modeller kommen awer direkt duerno. Den Ufank mécht de Bestseller GLC. Bei him fält direkt déi nei Designsprooch op, déi mat der grousser Kalander un al Zäiten erënnert. Mat der Technik vum elektreschen CLA sinn dann och bis zu 715 mat enger voller Batterie méiglech, ouni op Leeschtung ze verzichten - am Fall vun engem GLC 400 4Matic sinn dat 360 kW. Par rapport zu senger technescher Basis bitt de GLC awer virun allem vill méi Plaz fir Passagéier a Gepäck. Last but not least gëtt och nach direkt deen neie GLB mat EQ-Technologie lancéiert. Wéi säi Virgänger wëll de kompakte SUV mat sengem Banneraum a bis zu 7 Sëtzplaze Punkte sammelen, dat ganzt zu engem méi attraktive Präis wéi de grousse Brudder GLC. Vun deem a vum CLA kommen de MBUX Superscreen am Banneraum esou wéi d’Undriffstechnik, wann och mat manner Motorleeschtung.

Mercedes-Benz um Internet

Mercedes-Benz am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO