No 25 Joer Paus nees do
Tatsächlech, de Prelude ass nees do. Ënnert der Karosserie vun engem rassege Coupé wëll Honda alles matenee verbannen; Stil, Fuerspaass an Hybrid-Technik. Mat bedeelegt sinn dofir déi nei Boîte S+ Shift, déi d’Freed um manuelle Schalten simuléiere soll esouwéi d’Fuerwierkstechnik aus dem Civic Type R.
Frësch gemaach
Den aktuelle Civic war zeideg fir eng kleng Renovatioun. Den Design ännert sech nëmme liicht, et kommen nei Fuerwen an d’Pallett an de Banneraum gouf méi héichwäerteg.