AudiSUV-Trend

Ware lescht Joer Limousinnen a Kombien um Programm, huet sech Audi elo zënter dem leschte Festival besonnesch ëm seng SUV-Gamm gekëmmert.

Fir all Goût a Besoin

Den neie Q3 bleift emol nach beim Verbrenner. Den extrem beléifte Kompakt-SUV kënnt als Diesel, Bensinner a Plug-in-Hybrid a krut esouwuel als SUV wéi och als Sportback ee komplett neit Blechkleed. Markant sinn déi schmuel Luuchten mat neister LED-Technik vir an hannen, am Verbuergene gëtt et en neit Fuerwierk an eng Hellewull un Assistenzsystemer. Déi selwecht Charakterzich leet och den neie Q5 un den Dag. Scho 15 Joer laang ass hien d’Nummer 1 an dat soll mat sengem topmodernen Design, méi Raum bannenan an enger neier Loftfiederung och esou bleiwen. Wéi beim Q3 beandrockt och beim Q5 besonnesch déi nei Luuchtentechnik mat Matrix-LED vir an OLED hannen. D’Coupé-Versioun Sportback ass fir de Festival och direkt schonn um Start.
Nach eng Klass méi héich presentéiert sech nom “normale” SUV um leschte Festival dëst Joer de Q6 Sportback e-tron. Wéi ëmmer soll déi typesch Coupé-Silhouette Clienten mat engem Faible fir besonneschen Design uspriechen. Séng PPE-Plattform versprécht déi bekannten elektresch Performancen, wéi maximal 656 Kilometer Autonomie a séiert Lueden.

Back to the roots

Mam neien A6 huet Audi nees zeréck bei déi klassesch Nomenklatur geruddert - Clienten wollten net déi selwecht Konfusioun wéi beim A4-Nofollger A5. Esou ass net nëmmen den Numm sech trei bliwwen, mee och den typeschen A6-Design; laang gestreckt an aerodynamësch, souwuel als Avant wéi och als Berline. Ënnert dem Capot fanne mer modern Bensinner an Diesel esou wéi och een Hybrid-Undriw mat iwwer 100 km elektrescher Autonomie.

Audi um Internet

Audi am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO