Vun e Sonndeg u gëtt den ëffentlechen Transport hei am Land gratis.

Am Kader vun eiser Serie werft d'Annick Goerens dofir e Bléck op d'Zuelen hannert dëser Mesure. Wéi vill Passagéier, wéi vill Aarbechtsplazen, wat kascht et  a wat ännert sech konkret?

 

Ëffentlechen Transport (2)/Reportage Annick Goerens

Zejoert si ronn 45 Millioune Passagéier hei am Land mam Bus, Zuch oder mam Tram gefuer an d'Tendenz klëmmt, wéi den Mobilitéitsminister François Bausch erkläert.

„Mech impressionéiert zum Beispill, dass bei den CFL lescht Joer nees 7,2 Prozent Reesender derbäikomm sinn. Beim Tram ass et änlech. Mir hu lescht Joer eng Steigerung vun iwwer 30 Prozent Reesender beim Tram gehat. Dat ass enorm. De Funiculaire ass spektakulär an d'Luucht gaangen am leschte Joer als Zoubrénger zum Tram an zum Zuch. Also ech mengen et gesäit een iwwerall, wa mer investéieren, wann mer d'Offer verbesseren, wa mer d'Qualitéit verbesseren, d'Kadenzen an d'Luucht setzen, da klammen d'Leit ëm an dat ass och dat wat mech iwwerzeegt.“

Am ganze Secteur vum ëffentlechen Transport schaffen iwwregens ronn 6.000 Leit. Bei den CFL sinn et der eng 5.000, dovunner awer just 3.500 am Beräich Voyageurs, déi aner an der Logistik. Bei Luxtram schaffen 145 Leit an 40 sinn nach an der Ausbildung fir Tramschauffer ze ginn. An am Busservice schaffen ongeféier 2.900 Persounen. Wat kascht den gratis ëffentlechen Transport den Staat dann eigentlech?

Am Total: d'Exploitatiounskäschte vum Tram, vum Bus an dem CFL-Reseau: opgeronnt no uewe 500 Milliounen d'Joer. Bis elo hate mer 41 Millioune Recetten duerch Ticketen. De Käschten-Deckungsgrad war ganz kleng. Déi 41 Millioune falen natierlech ewech. Dofir geet de Käschtepunkt deementspriechend an d'Luucht. Dann leie mer ganz sécher net méi ganz weit vu 600 Millioune Käschtepunkt ewech.

Wat ännert nach? D'Bornen an d'Ticket-Automate vu Luxtram verschwannen, ma net déi bei den CFL. Dat well d'1. Klass jo nach bestoe bleift an dofir kann een Tickete kafen an donieft ginn d'Bornen nach gebraucht fir aner Servicer mat der M-Kaart an Usproch ze huelen.

„Dir hutt e Park&Ride, wou dir mam Zuch kënnt kombinéieren, wou de Park&Ride da gratis ass. An Zukunft fuert dir do eran an eraus an de Parking an dann am Zuch fuert dir eng Kéier laanscht d'Borne fir ze beweisen, dass dir och wierklech mam Zuch fuert, well dat ass dann d'Garantie, dass dir herno och näischt braucht ze bezuelen, wann dir erausfuert aus dem Parking.“

Och d'M-Boxe fir d'Vëloen eranzestellen, fonctionéiere mat de Bornen a bleiwe bestoen. Donieft ass et de Rappell vum Mobilitéitsminister, dass een keen Ticket méi brauch am Tram, am Bus oder an der 2. Klass am Zuch, mee et muss een dofir awer seng Carte d'Identité derbäi hunn.