Zu Lëtzebuerg23,4% vun allen Nei-Umellungen zejoert waren Elektroautoen / Plug-in-Hybriden

RTL Lëtzebuerg
Dëst Joer goufen zu Lëtzebuerg bis ewell knapp 6.000 nei Elektroautoen a Plug-in-Hybriden ugemellt.
© Christian Schmit / RTL

Dat äntwert de grénge Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

Enn Juli waren eng 22.500 Elektroautoen zu Lëtzebuerg ugemellt. Gutt d’Hallschent vun deene gëtt reng elektresch ugedriwwen.

D’politesch Zil ass et, fir bis d’Joer 2030 220.000 Elektroautoen op de Lëtzebuerger Stroosse lafen ze hunn.

Aktuell gëtt et am Grand-Duché 1.344 ëffentlech Luedstatiounen. Ronn e Fënneftel vun dëse fënnt een um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg.

RTL-Automag: Iwwersiicht vun eisen Auto-Tester
Autospräisser op RTL.lu - Sortéiert no Marken a Modeller

Back to Top
CIM LOGO