Se si Schlësselelementer, wat d'Mobilitéit ubelaangt: déi sougenannt Pole d'Echangen, déi ronderëm d'Stad Lëtzebuerg entstinn.

Um Pole d'Echange um Houwald gëtt op Héichtoure geschafft / Rep. Lisa Weisgerber

Plattformen, op deene Bunn, Bus an Tram, awer och Auto a Vëlo matenee verbonne ginn. Um Houwald gëtt den Ament vun der Summervakanz profitéiert, fir op Volltouren ze schaffen. E Schantjen, dee sech déi Responsabel, vun den implizéierten Acteuren ugekuckt hunn. Um Ament, wou bis zu 80 Tonne schwéier Duebel-Puttere millimetergenee placéiert goufen.

Et ass där Schantercher een, mat deem e ganze Quartier en neit Gesiicht kritt. Wat 2016 schonn um Zeechebriet stoung, hëlt den Ament konkreet Form un. Déi gutt Nouvelle virop: an zwee Joer wäert dëse strateegesch ganz wichtege Pole d'Echange asazbereet sinn.

Bis de 15. September mussen d'Poutren unenee geschweesst sinn. Well da geet d'Zuchstreck nees op.

Bei Luxtram muss ee sech nach méi laang gedëllegen. Eréischt d'nächst Joer am September wäert dat zweet Gleis kënne geluecht ginn. Hei hat de Sträit ronderëm d'Emprise de gréissten Impakt.

Um Beispill vum Pole d'Echange "Rout Bréck" hunn d'Zuele gewisen, datt do séier méi Passagéier gezielt goufen, wéi erwaart, sou déi Responsabel. Gutt weider kéimen och d'Aarbechten an der Rue des Scillas. Iwwerdeems a Punkto Contournement vun Hesper-Alzeng d'Etudë finaliséiert géifen, sou d'Ministesch Yuriko Backes.

Um Pole d'Echange Houwald, direkt nieft der Cloche d’Or, schätzt de Mobilitéitsministere, datt bis 2035 eng 23.500 Passagéier den Dag d'Infrastruktur benotze wäerten. D'Zuel u Passagéier, déi tëscht Zuch, Bus an Tram ëmklamme wäerten, gëtt op op d'mannst 14.000 geschat. Dëst wieren da Leit um Wee op d’Aarbecht, Studenten aus dem Süde vum Land, ma natierlech och franséisch Frontalieren.