
Zanter dem Ufank vum Iran-Krich huet d’Pëtrollsindustrie hei an der EU en Iwwergewënn vu 36 Milliarden Euro gemaach... Dat eleng duerch méi deier Präisser vu Bensinn an Diesel.
Dat schreiwt Greenpeace dësen Donneschdeg also genee op deem Dag, op deem déi grouss Betriber wéi Shell oder Total Energies hir Trimesterzuele wäerte publizéieren.
D'Präisser vun der Consomatioun wieren tëscht Mäerz a Mëtt September iwwerduerchschnëttlech staark geklommen, par rapport zu de Produktiounskäschten , déi relativ stabel bliwwe sinn. An anere Wieder : Den Autoschauffer an Europa bezilt fir en iwwerméisseg héije Benefice vun deene Betriber, sou Greenpeace.
Hirer Analys no léich den Iwwergewënn vun de Pëtrolskonzerner eleng hei zu Lëtzebuerg fir Mäerz bis Mëtt Oktober bei 210 Milliounen Euro.