Automag - Am AlldagstestToyota RAV4

Paul Origer
E spuersamen Allrounder, deen de Paul Origer nawell op ville Punkten iwwerzeegt huet.

Viru 6 Méint war de Paul Origer nach domat zu Malaga ënnerwee, elo duerft en den neien Toyota RAV4 op Lëtzebuerger Stroossen op seng Qualitéiten am Alldag testen. Wat huet genervt a wat huet gefall beim Pionéier vun den SUV? Dat gi mer elo gewuer!

Automag: Toyota RAV4 Alldagstest

2,5 Milliounen eleng an Europa – esouvill RAV4 huet Toyota zënter der éischter Generatioun vu virun iwwer 30 Joer scho verkaf. Ass de Succès berechtegt?

© Paul Origer

Den Design

Déi 6. Generatioun ass nees gewuess an huet nawell vill Ecken a Kanten – dat gesäit net nëmme markant aus mee ass am Alldag esouguer praktesch. Besonnesch no vir erkennt ee gutt wou den Auto ophält. D'Usiicht vun hannen ass fir mäi Goût genee esou gelongen a gesäit héichwäerteg aus.

© Paul Origer

Den Interieur

Sexy ass eppes anescht. Bannen ass am kompakten SUV quasi alles nëmme gro a leider och vill haarde Plastik. Mee de Banneraum ass lëfteg a geraimeg, den Tableau elo keen Design-Meeschterwierk mee awer mat vill Oflagen an – Halleluja – nach mat richtege Knäppercher garnéiert!

© Paul Origer

Luef kréien d'Sëtzer, de RAV4 ass deen éischten Auto, bei deem ech op 500 km Nonstop net eng Sekonn den Hënneschte wéi krut. A last but not least ass d'Mall mat iwwer 500 Liter absolut grouss genuch.

© Paul Origer
© Paul Origer

Den Undriff

Soss kréie mer als Testauto ëmmer d'Topmotorisatiounen, ma dës Kéier net an dat war gutt esou. Prett stoung de RAV4 als HEV. Also kee Plugin a just eng kleng Batterie bei maximal 191 Päerd. U sech dat, wat Toyota schonn ëmmer super konnt, Vollhybride bauen!

© Paul Origer

Op der Strooss

A wat soll ech soen, den HEV mécht seng Saach richteg gutt. Kloer, et gëtt weder Turbo- nach Elektrobums mee dat huet mer och net gefeelt. Souwisou erzitt den Hybridundriff een zu engem méi zeréckhalende Fuerstil. An do bleift de RAV4 och roueg a virun allem spuersam. Egal ob laang Autobunns-Etappen oder Gepiddels am décke Verkéier... ënner 7 oder esouguer ënner 6 Liter si keen Hexewierk, an dat ass fir ee groussen a ronn 1,7 Tonne schwéieren SUV eng top Leeschtung.

© Paul Origer

Déi soss net ëmmer héich gelueften CVT-Automatik suergt onopfälleg dofir, dass et virugeet, Beschleunegungsorgien huet se net gär, well dann deet se den 2,5-Liter-Bensinner mangels Dréimoment ophaulen. Mee dorop huet ee souwisou keng Loscht. Dem RAV4 seng Vokatioun ass de Confort a gemittlecht Virukommen. Och e Verdéngscht vum exzellente Fuerwierk. Ech hat bis elo rare een Auto, deen déi antëscht zu Lëtzebuerg därmoosse beléifte Berliner Kissen esougutt verdaut huet. Kee Gerësels an net iwwerdriwwen dynamesch - gutt esou. Wann ech wëll Kéiere raiberen, da kafen ech ee Supra.

Am Resumé

Ronn 48.000 Euro si sécher kee Schnäppchen - mee fir ee groussen, geraimegen an extreem spuersamen Auto, dee warscheinlech Toyota-typesch och nach ganz laang hält, awer fair.

+ vill Plaz bannenan
+ gudde Laangstreckeconfort
+ nidderege Verbrauch
+ komfortabel Fiederung

- tristen Interieur
- Motor ouni allzevill Dréimoment

© Paul Origer

Toyota RAV4 um Internet

Back to Top
CIM LOGO