Op der Pompel
98er Bensinn gëtt e gutt Stéck méi bëlleg

© Image Envato Sandsun
Nodeems de 95er an den 98er Bensinn ufanks der Woch méi deier gi waren, geet de Präis vum 98er Bensinn e Samschdeg nees erof.
Den 98er Bensinn gëtt 3,2 Cent méi bëlleg. Domat läit de Präis vum 98er bei 1,559 Euro de Liter.
De Präis vum 95er Bensinn bleift onverännert.
Am meeschte gelies