Zuch vun engem Kilometer Längt fir d'CFL am Asaz

© Céline Eischen
Op der Zuchstreck tëscht Rued a Wecker ginn den Ament Schinnen, Schwellen a Ballast-Steng erneiert an ersat.
D'Streck vu 6,7 Kilometer ass nëmmen dräi Woche gespaart; dräi Wochen, an deenen also bal 27 Kilometer Schinne mussen erneiert ginn. Fir esou eng Aufgab a kuerzer Zäit ze meeschteren, brauch et speziell Maschinnen, an dësem Fall de RUS 1000 S, ee Maschinnenzuch aus Éisträich mat enger Längt vu bal engem Kilometer.
Och wann d'Streck tëscht Wecker a Rued wärend dem Chantier gespaart ass, ass et fir eis mat Sécherheetsschong, Warnvesten a Casquen op d'Schinne gaangen. An hei steet keen normalen Zuch: De RUS 1000 S ass eng Maschinn vun engem Kilometer Längt, déi an engem Duerchgang Schinnen, Schwellen an d'Steng ronderëm erneieren an opbereede kann a fir eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg fir d'CFL am Asaz ass.
De Gertjan Van Niftrik vun der éisträichescher Firma "Swietelsky", déi d'Maschinn entwéckelt huet a bedreift, erkläert, wéi se funktionéiert:
"Wir nehmen die Schiene weg von der Schwelle, wir nehmen die alte Schwelle raus, und dann haben wir so eine Kette und die kratzt den Schotter und die Schwelle weg. Das geht dann durch eine Siebanlage in die Maschine, dann werden die richtigen Steine zurück eingebaut, und die Steine die nicht mehr gross genug sind, oder zu klein oder wie auch immer, das wird dann nach hinten transportiert und das werden wir dann entsorgen."
Et wier déi modernste Gleisbaumaschinn an Europa an déi gëtt och gebraucht, well an nëmmen dräi Woche muss vill gemaach ginn, wei eis de Laurent François vun den CFL a Responsabele vum Chantier erzielt:
"Mir erneieren hei zwee Mol 6,7 Kilometer Gleis, gesamt sinn dat 27 Kilometer Schinnen, mir ginn 22.000 Schwellen erneieren a mir maachen eng Ballast-Rengegung, wou mer de Ballast hei am Ëmbauzuch rengegen an da 6.700 Tonne Ballast als Complement bäiginn."
Esou een Ëmbau-Zuch vun engem Kilometer kënnt net vun haut op muer op Lëtzebuerg. D'Maschinn gëtt mat enger Lokomotiv vun engem Chantier bei deen anere queesch duerch Europa transportéiert. Mat ënnerwee sinn och déi ronn 40 Mataarbechter, déi d'Maschinn steieren a wärend de Chantieren an Hoteller logéiert sinn. D'CFL plangen d'Chantieren dofir och wäit am Viraus, esou d'Alessandra Nonnweiler, Pressespriecherin vun den CFL:
"Esou eng Planung geet wäit iwwer Joren, wou mir d'Chantieren iwwerall ëmmer plangen. An da muss natierlech gekuckt ginn, wat mir brauchen. Hei zum Beispill muss jo dann och eng europäesch Ausschreiwung geschéien an dee Chantier gëtt da wierklech akribesch genau en halleft Joer virdru geplangt."
An dräi Schichte gëtt ronderëm d'Auer geschafft, fir d'Streck mat Zäite fir d'Rentrée de 15. September fäerdeg ze kréien. Bis elo leeft emol alles dem Plang no.
Den Ëmbau-Zuch rullt iwweregens mat enger Vitesse vun 150 Meter d'Stonn. D'Gleiser mussen dann all 20-30 Joer ersat ginn.