
Den Accident tëscht dem Camion an dem Auto op der A6 kuerz virun der Grenz mat der Belsch huet dozou gefouert, datt de Camion ëmgetippt ass. Dowéinst si béid Fuerspuere wéi och d'Pannespuer, wann een a Richtung Arel fiert, blockéiert. D'Police präziséiert weider, datt weder de Camionneur nach de Chauffer vum Auto blesséiert goufen.
Kuerz virun 13 Auer huet et vun der Police geheescht, datt de Camion schonn nees opgeriicht gouf an net méi op der Plaz wier. Esoubal d'Opraum- a Botzaarbechte vu Ponts et Chausées eriwwer wieren, géif d'Autobunn nees fir den Trafic opgoen.