Kuerz drop d’Confirmatioun vun den CFL, datt et e Samschdeg de Moie bei Aarbechten an engem Tunnel tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz zu engem Tëschefall komm war.
Aktuell ass d’Eisebunnslinn 10 um Ofschnëtt tëscht Ettelbréck a Gouvy komplett gespaart. Dëst well vum 20. August bis den 12. September Maintenanceaarbechten op der ganzer oder op Deeler vun der sougenannter Nordstreck vu Lëtzebuerg op Gouvy duerchgefouert ginn. Ob d’Zich vum 13. September un um kompletten Tronçon vun der Linn 10 rëm rulle wäerten, duerf awer op d’mannst bezweifelt ginn. Den 236 Meter laangen Tunnel Schieburg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz ass nämlech op enger Längt vu véier Meter mat Steng zougeschott. Mee wéi konnt et zu deem Incident kommen?
Alessandra Nonnweiler, Responsabel fir d’Kommunikatioun bei den CFL: “Eng vun den Aarbechten hei am Tunnel war eben den Entretien, fir ze kucken, ob dat nach alles gefestegt ass. Och op Prealabel sinn do geologesch Sondagë gemaach ginn. Mir hunn och déi Verankerunge gemaach, well do sollt op véier Meter Plaffong, wann een dat sou ka soen, ofgedroe ginn, fir neien ze maachen. An deem Kader huet et du gebréckelt an et ass eng gewësse Quantitéit u Steng erofgerutscht. Dir musst Iech dat wéi ee Lach am Plaffong virstellen.”
Et kéint een net dovu schwätzen, den Tunnel wier zesummegefall, mee et géing sech ëm een Äerdrutsch handelen. Zum Zäitpunkt vum Incident wier just een Aarbechter am Tunnel an och dësen net a Gefor gewiescht. Am Moment lafen Etüde fir ze kucken, wéi et zu dësem Incident komme konnt. Bei den CFL wier d’Sécherheet nämlech déi éischte Prioritéit.
Alessandra Nonnweiler: “Dozou gehéiert och d’Sécherheet vun den Tunnellen, déi mir reegelméisseg kucken, dat ass ee stännege Prozess. Mir hunn eng Rei Tunnellen, haaptsächlech op dëser Streck, Lëtzebuerg Gouvy erop, awer och op aneren. Do schaffe mir mat Bureaux d’études zesummen, fir ëmmer déi Kontrollen ze maachen a gegebenenfalls, sou wéi et hei och programméiert war, Entretiensaarbechten ze maachen.”
Den Tunnel Schieburg gouf, wéi vill anerer op der Nordstreck, am Joer 1863 gebaut. Sou laang de Passage net méiglech ass, dierft ee bei den CFL, wéi et aktuell souwisou schonn de Fall ass, op Bussen als Ersatz zeréckgräifen.