MotomagHonda Africa Twin 2026

Gaël Arellano
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Si ass zu enger richteger Referenz an der Kategorie vun de groussen Trail-Motoe ginn: d'Honda Africa Twin (CRF 1100L). Fir eis nei Rubrik Motomag hate mir d'Geleeënheet, dëse Modell ausféierlech ze testen. Huet si eis iwwerzeegt? Konnt si hire gudde Ruff confirméieren? D'Äntwert gëtt et an der zweeter Episod vu Motomag.
© Gaël Arellano

Fir eis nei Rubrik Motomag hate mir d'Geleeënheet, dëse Modell ausféierlech ze testen. Huet si eis iwwerzeegt? Konnt si hire gudde Ruff confirméieren?

Zënter e puer Joerzéngte léisst d'Honda Africa Twin d’Häerzer vu ville Motofans méi séier schloen. Hautdesdaags ass et bal onméiglech, iwwer Trail-Motoen ze schwätzen, ouni dëse Modell ze ernimmen. Fir déi, déi se net kennen: D'Africa Twin gehéiert zu de Prestige-Modeller vum japaneschen Hiersteller Honda, genee wéi d'Fireblade bei de Sportsmotoen oder d'Gold Wing am Touring-Beräich.

D'Motorrad ass virun allem fir hir Villsäitegkeet, hir Zouverlässegkeet an hir Robustheet bekannt. Dobäi kënnt hire markante dräifaarwege Look, deen iwwer d'Joren zu hirem Erkennungszeeche ginn ass. A wann d’Africa Twin ëm d'Joer 2000 e bëssen vun hirem legendäre "Paris-Dakar"-Geescht verluer hat, huet si an de leschten zéng Joer en impressionante Comeback gefeiert.

Mir haten d'Geleeënheet, d'2026er Editioun mat sengem 1.100-Kubik-Motor ze testen. An eng Saach kënne mir scho virweg huelen: D'Erfarung huet eis an all Hisiicht iwwerzeegt. Egal ob et ëm d’Leeschtung, den Dréimoment oder déi iwwerraschend Handhabung geet, dëse Moto huet en dauerhaften Androck hannerlooss.

Dat läit engersäits dorun, datt e mat allem equipéiert ass, wat ee fir grouss Reesen an Ausflich ewech vun den asphaltéierte Stroosse brauch. Anerersäits iwwerrascht e beim Fueren, well e vill Virurteeler net erfëllt. Trotz der imposanter Erscheinung an der staarker Motoriséierung bleift d'Africa Twin CRF1100L erstaunlech liichtféisseg, gutt ze manövréieren an zougänglech. Genee dës Mëschung aus Kraaft, Komfort a Beherrschbarkeet mécht hire Succès aus.

Iwwregens ass dat och eng vun de grousse Stäerkte vun Honda: d'Fäegkeet, dem Motard schonn no den éischte Meteren um Guidon Vertrauen ze ginn. D'Africa Twin ass e Motorrad, dat ee séier an de Grëff kritt a voll ausnotze kann, ouni datt een onbedéngt Jorelaang Erfarung mat Trail-Motoe muss hunn, och wann dat natierlech ëmmer e Virdeel bleift.

Vill Tester a Fachjournalisten hunn der Africa Twin iwwer d'Jore virgeworf, si wier ze schwéier oder souguer e bëssen onhandlech. Ech kann där Analys awer nëmme schwéier zoustëmmen. Esoubal een d'Stroossen hannert sech léisst a sech an d'Natur eraus wot, weist d'Africa Twin, wat an hir stécht. Och am Offroad-Asaz fillt si sech wuel a liwwert genee dat Vertrauen, dat een an esou Situatioune brauch.

Natierlech sinn d'Manövere bei niddreger Vitesse net esou einfach wéi op enger 700er oder enger méi liichter 450er Enduro. Mee dat ass eigentlech net de Punkt. Wie sech fir eng Africa Twin entscheet, sicht net nëmmen e Motorrad fir an de Bulli oder iwwer Schotterweeër ze fueren, mee virun allem eng Maschinn, déi op laange Strecke glänzt. A genee do spillt si hir Stäerkten aus.

Ech perséinlech ka mech kaum erënneren, schonn eemol esou bequeem op engem Zwee-Rad ënnerwee gewiescht ze sinn. D'Sëtzpositioun, de Komfort vum Suedel, de gudde Wandschutz an de staarke Dréimoment an allen Tourberäicher maachen all Kilometer zu engem Genoss. Déi gréissten Erausfuerderung um Enn vum Test war éischter, d'Schlësselen nees ofzeginn.

Wann et awer ee Punkt gëtt, deen ech kritiséiere géif, dann ass et d'Manipulatioun vum Bordcomputer. D'Menue si weder besonnesch intuitiv nach einfach ze verstoen. Verschiddener wäerten dat als Detail ofdoen, mee bei engem Motorrad, dat soss bal alles richteg mécht, fält esou e Manktem besonnesch op. Et ass schwéier nozevollzéien, firwat Honda engem Element, dat ee bal all Dag benotzt, net méi Opmierksamkeet geschenkt huet. Besonnesch bei engem Reesmoto an dëser Präisklass.

Mat engem Startpräis vun 16.399 Euro ass d'Africa Twin nämlech alles anescht wéi e Schnäppchen. An do däerf ee sech erwaarden, datt och d'Benotzererfarung um Display dem aktuellen Stand vun der Technik entsprécht. Ëmsou méi, wann een kuckt, wat verschidde Konkurrenzmodeller fir manner Geld ubidden.

Déi gutt Noriicht ass awer, datt Honda schonn eng nei Versioun vun der Africa Twin ugekënnegt huet. Si kritt e vill méi moderne TFT-Ecran an eng nach weider optiméiert Motoriséierung. Mir si scho gespaant, dëse Modell ze testen, besonnesch an der méi offroad-orientéierter Enduro-Versioun.

Positiv
  • Staarke Motor an allen Tourberäicher
  • Iwwerraschend gudden Handling
  • Héije Komfort op laange Strecken
  • Iwwerzeegend Offroad-Qualitéiten
  • Fantastesche Sound (mat engem SC-Project-Auspuff, net mam Serienauspuff)
Negativ
  • De Bordcomputer an den Ecran
  • Wéineg intuitiv Menuféierung
  • Den héije Startpräis (och wann et nach méi deier Modeller gëtt, bitt d'Konkurrenz heiansdo méi fir manner Geld)

Back to Top
CIM LOGO