
Am Kader vun de weidere Ëmbauaarbechten um Echangeur Steebrécken gëtt d’A4 a Richtung Stad tëscht der Jonctioun Esch an dem Echangeur Leideleng-Nord vun Freideg, den 20. November géint 20 Auer bis Méindeg, den 23. November géint 4 Auer gespaart.
Fir de Chantier musse verschidden Zoufaarten zougemaach ginn:
Automobilisten, déi iwwer d'Jonctioun Esch oder Féiz op d'A4 wëllen, ginn iwwer d'A13, d'A3 an d'A6 ëmgeleet. Vun Steebrécken aus féiert d'Deviatioun iwwert de CR169, de CR163, d'N4 an den Echangeur Leideleng-Nord.
Well d'Preparatiounsaarbechte schonn e puer Stonne virum Ufank vum Chantier ufänken, muss ee scho vun e Freideg am Nomëtteg u mat Verkéiersbehënnerunge rechnen.